Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 28.09.2011 : FC Tricolore Gasperich - FC Amis de la Moselle Remerschen 1:1 (1:1)

0:1 18', 1:1 27' Curioso

 

Wieder : kloren Himmel, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 50

 

 

 

No der Blamage bei Luna Uewwerkuer huet Tricolore insgesammt eng gutt Reaktioun gewissen géint Remerschen.

Mee am Ufank vum Mätch war Remerschen méi preesent, schon an der 1' ass e Remerschener Stiermer op lénks duerchgaang, hien konnt nëmme duerch e Foul am Tricolore Strofraum gebremst ginn, a sou ass e Penalty fir Remerschen ginn. De Remerschener Spiller schéisst awer uewe riets laangscht (Dat ass da schon de 5.Penalty !!! an dëser Saison wou Remerschen net erakritt). Tricolore huet awer direkt dueno eng Reaktioun gewissen, den Denis Rizvani huet vu lénks vum 16m an de laangen Eck gezielt, mee säi Schoss ass vum Remerschener Keeper nach op den Aussepoto gelenkt ginn. Tricolore huet weider versicht no vir ze spillen, mee an den entscheedenen Momenter waren d'Passe schlecht. An no enger Feelpass vun Tricolore an der Mëtt, huet Remerschen séier ëmgeschalt an huet de Ball no vir bruecht, Tricolore war deesorganiséiert, an Remerschen huet dovunner profitéiert wéi e Spiller alleng op de Goal gaangen ass, an de Ball zum 0:1 an der 18' erageschoss huet. Tricolore huet sech awer direkt erëm erholl a weider no vir gespillt. An der 27' ass dunn den Adel Sinanovic am Remerschener Strofraum geluescht ginn, Penalty fir Tricolore, deen den Antonio Curioso sëcher verwandelt huet. Bis zur Paus huet Tricolore weider versicht eppes no vir ze rappen, mee d'Passen sinn net richteg ukomm, a Remerschen war geféierlech duerch seng séier Spiller.

No der Paus war d'Spill zunächst ausgeglach, béid Equip hu versicht e weidere Goal ze schéissen, grouss Chancen sinn dobäi awer zunächst net erausgesprong. Méi a Méi huet Tricolore de Mätch dominéiert, an esou huet d'Lokalequip sech 2 Riesechancen erausgespillt. Déi éischt Riesechanche hat Tricolore wéi no engem Gewulls am Remerschener Strofraum en Tricolore Spiller fräi zum Ball komm ass, mee säi Schoss ass vun der Goallinn nach ofgewiert ginn. Dueno huet Tricolore e Fräistouss séier ausgefouert, den Denis Rizvani ass fräi virum Remerschener Keeper opgetaucht, mee hien krut de Ball net ënner Kontroll. Tricolore huet weider Tempo gemaach, an der 2.Halschent sinn d'Passen och besser ukomm. Remerschen war awer och weider geféierlech, ouni sech awer eng konkret Goalchance erauszespillen. D'Lokalequip huet an der Schlussphase dunn nach weider Tempo gemaach, an huet méi op de Goal geschoss. Den Adel Sinanovic huet e schéine Fräistouss vu lénks op de Goal bruecht, mee de Remerschener Keeper huet de Ball nach aus dem Wénkel geholl. An der 90' war dunn den Denis Rizvani op lénks alleng duerch, hien dréngt an de Strofraum, leet de Ball laangscht de Remerschener Keeper, deen mat voller Wucht an den Denis Rizvani knallt ouni de Ball ze spillen. Normalerweis kloren Penalty, mee den Arbitter huet weider spille gelooss. Den Denis Rizvani huet misse behandelt ginn, konnt dueno awer nees weiderspillen. Mat der leschter Aktioun, e Fräistouss vun Tricolore ass de Mätch dunn ofgepaff ginn.

Tricolore hett ogrond vun enger gudder Leeschtung an der 2.Halschent déi 3 Punkte verdéngt gehat. Kämpferesch e leeferech war d'Equip gutt, just mussen d'Passe besser ukommen.