Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - Etoile Sportive Clemency 2:0 (0:0)

 

1:0 71' Etonde, 2:0 85' Ribeiro

 

Wieder : sonneg a frësch

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

 

 

 

Géint Këntzeg huet Tricolore verdéngt gewonn.

Déi éischt 15' ware langweileg. Dueno war et Këntzeg, déi e bësse besser opkomm sinn, eng Goalchance hatte si och, mee e Spiller huet driwwer gesat. Ab der 25' huet dunn awer Tricolore definitiv d'Spill an de Grëff krut a méi Initiativ gewissen. De Amer Dautbasic huet de Këntzeger Keeper per Fräistouss gepréift. Et sinn och geféierlech Situatiounen virum Këntzeger Goal entstann iwer d'Säiten duerch de Joe Monteiro a Mike Ribeiro. Bis zur Paus soll et awer beim 0:0 bleiwen.

No der Paus huet Tricolore weider méi Initiativ gewissen an hat eng oder déi aner Goalchance. Këntzeg hat och nach eng gutt, mee de Spiller krut virum Goal keen Drock hannert de Ball. No enger schéiner Kombinatioun ass dunn den 1:0 gefall : De Fernand Federspiel huet den Amer Dautbasic op lénks geschéckt, hien huet an d'Mëtt geflankt an de Charles Etonde war fräi virum Goal fir de Ball iwwer d'Linn eranzestocheren. Tricolore huet weider no vir gespillt hat hat och nach weider gutt Chancen, hannen huet d'Lokalequip näischt méi ubrenne gelooss. Den 2:0 huet de Mike Ribeiro geschoss, wéi hien no enger Pass vum Amer Dautbasic op riets duerchgaang ass, an de Ball eragesat huet.

Eng disziplinéiert Equipeleeschtung huet zum Erfolleg gefouert.