Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Red Star Merl - FC Tricolore Gasperich 0:4 (0:2)

Wieder : bedeckt, +- 15°

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

0:1 30' Sinanovic, 0:2 42' Ribeiro

 

0:3 71' Andoque, 0:4 90' Sinanovic

Kloer huet sech Tricolore zu Märel duerchgesat.

 

Vun Ufank un huet Tricolore d'Spill bestëmmt, an huet Märel ënner Drock gesat. Chancen sinn erausgespillt ginn, mee déi sinn net verwert

ginn. An der 30' huet dunn den Adel Sinanovic aus 20m en direkten Fräistouss an d'Kreiz gesat. Kuerz virun der Paus, huet dunn de Mike

Ribeiro dat nemmlecht gemaach, hien huet och en direkte Fräistouss an d'Goalkreiz gesat.

 

No der Paus war et dunn praktesch e Spill op Richtung Märeler Goal. Weider gutt Chancen sinn vun Tricolore versiebt ginn, an et huet

bis zur 71' gedauert, wéi den Arnaud Andoque aus 20m ofgezunn huet, e Märeler Spiller huet onhaltbar fir de Keeper zum 0:3 ofgefälscht.

Den 0:4 huet dunn den Adel Sinanovic geschoss, wéi hien sech duerch d'Märeler Ofwier duerchgetankt huet.

 

Souveränen 4:0 Erfolleg, deen het nach méi héisch kënne ginn. Opgrond vum Spillverlaf, war Tricolore kloer iwerleen, sou dass Märel

net eng konkret Goalchance hat.