Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Cessange Bracarenses - FC Tricolore Gasperich 3:2 (2:2)

0:1 6' Lombardini, 1:1 9', 2:1 24', 2:2 43' Lombardini

3:2 69'

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : TipTop

Zuschauer : 80

 

 

 

An engem schwaache Mätch verléiert Tricolore 2:3 zu Zéisséng.

No 6' ass den Denis Rizvani op riets duerchgaang, säi Schoss huet de Keeper vun Cebra iwwerwonnen, an de Pietro Lombardini huet just missen de Ball iwwert d'Linn drécken. Schon an der 9', den Ausgläich, no engem Korner huet e Spiller de Ball mam Kapp an de laangen Eck gesat. An der 24' nees e Korner, d'Tricolore Ofwier huet de Ball deegagéiert, mee e Cebra Spiller huet per Fallrückzieher aus 16m de Ball an d'Masche gesat. Dueno war de Mätch nees méi schlecht ginn, béid Equipen hunn Asaatz gewissen mee spilleresch war dat deelweis ënnerirdeg. Den Ausgläich an der 43' ass dunn och duerch e kapitale Bock vum Cebra Keeper gefall, no engem laange Ball an d'Déift huet hien laangschtgerannt an de Pietro Lombardini war op der Plaz fir de Ball eranzeschieben.

D'2.Halschent war och vu Kampf a Krampf geprägt, kaum sinn ordentlech Spillsituatiounen entstan. An der 55' ass de Mino Tria ëmgeknickt (Bennerrass ?), d'Spill ass weidergelaf, en Cebra Spiller ass virum Strofraum um Trikot gezu ginn, mee den Arbitter huet op de Punkt gewissen. Chaos, de Mino Tria huet misse vum Terrain gedroe ginn, awer zum Gléck fir Tricolore huet de Linierichter dem Arbitter ugewissen dass de Foul ausserhalb vum Strofraum war. An der 69' huet dunn Tricolore de Ball hanne vertendelt, Cebra huet séier reeagéiert an mat bal der eenzeger gudder Kombinatioun op 1-2 den 3:2 geschoss. Dueno war Tricolore beméit nach den Ausgläich ze schéissen. Leider huet den Arbitter Tricolore de verdéngten Ausgläich an der leschter Minutt geklaut, no engem Foul um Amer Dautbasic huet hien d'Spill ënnerbrach, obwohl de Flavio Morabito alleng virum Goal de Ball eragesat huet.

E Gläichspill wär gerecht gewiescht, well béid Equipen waren op engem Niveau : schwaach.