Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,20.04.2008 15.30h : Tricolore - Berbourg 1:1 (1:0)
Wieder : sonneg Momenter
Terrain : bespillbar
Zuschauer : 80
1:0 26' Chioato (Penalty)
1:1 58'
 
Kee Gëwenner am Mätch zwëschen Tricolore a Berbuerg.
 
Direkt ass et mat Mëttelfeldgeplenkel ugaang, keng richteg Goalchance ze verzeechnen. Tricolore hat onheemlech Schwieregkeeten
géint Berbuerg d'Spill ze diktéiren. Aus dem Nichts ass dunn och den 1:0 gefall. E Berbuerger Spiller krut am Strofraum de Ball op d'Hand
an de Referee huet op de Punkt gewissen. De fellëgen Penalty huet den Emanuele Chioato sëcher verwandelt. An der 35' krut de Michele
Corallo d'Rout Kaart, wéi hien virum 16er e Berbuerger Spiller gefoult huet, de Referee huet dat als Noutbrems gesinn, a sou war Tricolore
nach nëmmen zou 10. Berbuerg huet dunn Drock ausgeübt.
 
No der Paus huet Berbuerg weider d'Spill bëstemmt, an Tricolore ass zréckgedrengt ginn. No puer geféierlech Situatiounen huet et dunn an
der 58' geschellt, wéi no engem Gewuls am Tricolore Strofraum, e Berbuerger Spiller zum 1:1 konnt verwandelen. Nom 1:1 ass d'Spill ërem
méi op ginn, well och Tricolore méi no vir gespillt huet. Op béide Säiten sinn dunn och nach déi eng oder déi aner geféierlech Situatioun entstan,
mee et sollt beim 1:1 bleiwen. 
 
Insgesammt 1:1 OK, awer Berbuerg war iwer wäit Partien vum Mätch spillbëstemment.