Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 22.04.2012 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Union Remich/Bous 2:2 (1:0)

1:0 33' Sali

1:1 56', 1:2 74', 2:2 83' Lombardini

 

Wieder : staark bedeckt, deelweis Reen, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

Géint Réimech-Bous spillt Tricolore 2:2 gläich.

Schon an der 1' hat Réimech-Bous eng Chance, wéi no enger Flank vu riets de Ball duerch den Tricolore Strofraum gesegelt ass, an um 2.Poto e Spiller knapp laangscht gekeppt huet. Kuerz drop hat awer Tricolore eng gutt Chance, wéi den Denis Rizvani virum Réimech-Bous Keeper alleng opgetaucht ass, mee säi Lob konnt de Keeper locker fenken. Dueno war Knuppfuttball ugesot, de Ball ass vun enger op déi aner Säit hin an hier geknuppt ginn. Technesch war de Mätch schlecht, béid Equipen krute keng Rou an d'Spill. Déi 2 Equipen koumen mat dem Futtball awer zu Goalchancen, an an der 33' ass Tricolore a Féierung gaangen, no engem Gewulls am Réimecher Strofraum, huet den Erdovan Sali de Ball eragesat.  Bis zur Paus war Réimech-Bous nach beméit, mee huet awer näischt méi gerappt. 

Direkt no der Paus huet Réimech-Bous de Mätch an de Grëff krut an huet Tricolore no hanne gedrenkt. Trotz enger Féierung ass Tricolore nees onsëcher ginn. D'Standardsituatiounen fir Réimech-Bous hunn sech gehäuft, an esou huet Réimech-Bous an der 56' den 1:1 geschoss, no engem Fräistouss vu riets huet e Spiller de Ball eragekeppt. Réimech-Bous war weider méi aktiv, an vun Tricolore koum praktesch näischt méi. An der 74' ass Réimech-Bous dunn a Féierung gaangen, no engem Korner keppt e Spiller an Zeitlupentempo de Ball an de Wénkel. Dunn ass Tricolore awer nees opgewescht, an duerch déi beschte Kombinatioun vum ganze Spill huet Tricolore den 2:2 geschoss, schéinen Opbau vun hannen, den Carlo Antonicelli huet dem Denis Rizvani de Ball op riets an de Laf ginn, hien huet erageflankt an de Pietro Lombardini huet de Ball aus 5m iwwer d'Linn gedréckt. Kuerz drop hat Tricolore d'Chance a Féierung ze goen, nees ass de Pietro Lombardini schéin op riets geschéckt ginn, hien huet de Ball direkt erageflankt, mee am 16m kruten Tricolore Spiller de Ball net ënnerbruecht. An der Nospillzäit dunn awer nees e krasse Feeler vun Tricolore, e Spiller huet ze laang mam Deegagement gezögert an e Réimech-Bous Spiller krut de Ball per Pressschlag an de Laf, hien ass alleng op den Tricolore Goal gezunn, de Ferdy Ciufoli ass nach nogaangen, an zum Gléck fir Tricolore huet de Réimech-Bous Spiller am Strofraum direkt op de Keeper Sven Haag gezielt.

Kämpferesch huet Tricolore dowwidder gehalen, technesch deelweis Magerkost bis zur Schlussphase, mee wat am schlëmmsten ass dass Tricolore et net färdeg bréngt Rou an d'Spill ze bréngen an duerch Onkonzentréiertheeten Goaler kasséiert. 2 Spiller sinn verletzt ginn, an de Kader reduzéiert sech weider. Tricolore muss un sech gleewen fir am Abstiegskampf ze bestoen, well Qualitéit ass do.