Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,02.09.2007 15.30h : Tricolore - Remerschen 2:3 (2:1)
Wieder : bedeckt
Terrain : et geet
Zuschauer : 70
1:0 9' Schanet (Penalty), 2:0 19' Tria, 2:1 36'
2:2 66', 2:3 90' (+1') 
 
Schon am 1.Championnatsmätch 2007/2008 huet Tricolore alt ërem eng Nidderlag kasséiert.   
 
Dobäi huet et super ugefaang, Tricolore huet dominéiert an ass an der 9' a Féierung gaang : de Mino Tria ass
an de Remerschener Strofraum agedrongen, ass geluescht ginn, an de Steve Schanet huet de fellëgen Penalty
suveräin versenkt. De Mino Tria huet dunn an der 19' op 2:0 erhéischt, wie hien konnt fräi virum Remerschener
Goalie erasetzen. Tricolore hat nach virun der Paus weider gutt Geleegenheeten fir nach 3, 4 oder 5 Goaler ze schéissen,
mee se sinn vermasselt ginn, de Marc Baum hat 2 Mol gutt Aschossméiglechkeeten. Remerschen war duerch hier
séier Spëtzen och geféierlëch an virun der Paus huet et dunn och am Lokalgoal gerabbelt.
 
No der Paus war vun der Tricolore Säit eng eenzeg Katastroph : Remerschen huet de Mätch total dominéiert an
d'Lokalequip hat esou guer Schwierëgkeeten iwwert d'Mëttellinn ze kommen. Praktësch Spill op e Goal. Remerschen
hat den totalen Wëllen an hat Super Chancen fir Goaler ze schéissen. De Steve Krier am Tricolore Goal huet gutt
Paraden misse machen fir Tricolore am Mätch ze halen. Hie koum kaum zu Rou, well puer Spiller vun Tricolore 
platt waren an einfach net méi preesent waren. Tricolore hat nach eng valabel Chance wéi de Laurent Acquistapace
knapp langscht de Goal gesat huet. An der Nospillzäit ass de Steve Krier dunn awer geschloe ginn a 
Remerschen huet héichverdéngt 3 Punkten vu Gaaspërech matgeholl.
 
1.Halschent misse méi draus maachen, an der 2.Halschent Kapitulatioun. Esou get et schwéier.