Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 16.10.2011 17.00h : FC Tricolore Gasperich - Club Sportif Sanem 4:2 (2:1)

0:1 19', 1:1 32' Sinanovic, 2:1 38' Tria

3:1 56' Sali, 3:2 65', 4:2 83' Sali

 

Wieder : sonneg, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 50

 

 

 

Tricolore gewënnt verdéngt géint Suessem.

Tricolore huet direkt d'Spill an d'Hand geholl, an d'Lokalequip huet sech Chancen erausgespillt, déi bescht ass leider um Poto henke bliwwen. Suessem huet sech awer gewiert, an der 19' huet Suessem eng Flank vu lénks an den Tricolore Strofraum erabruecht, Tricolore Ofwier ass laangscht de Ball geseegelt, an um 2.Poto konnt e Spiller zum 0:1 erasetzen. Tricolore huet sech duerch de Réckstand net blende gelooss, an huet weider no vir gespillt. An der 32' huet dunn den Adel Sinanovic per Fräistouss den 1:1 markéiert. No engem Gewulls am Suessemer Strofraum huet de Mino Tria an der 38' den 2:1 geschoss. Och wa Suessem virun der Paus besser opkomm ass, ass et beim 2:1 bis zur Paus bliwwen.

No der Paus huet Suessem dunn awer Tricolore ënner Drock gesat, an Tricolore hat Problemer. Suessem huet dominéiert, mee Tricolore huet op Konter den 3:1 geschoss, e schéine Goal, den Erdovan Sali huet de Ball schéin ugeholl an huet de Suessemer Keeper geloppt. An der 65' ass Suessem erëm erukomm, no engem Schoss vun engem Suessemer Spiller, konnt de Steve Volz de Ball nëmmen ofklatsche loossen, e Suessemer Spiller war do fir zum 3:2 eranzeschéissen. Dueno huet Suessem weider gepresst, de Steve Volz huet e gudde Schoss ofgewiert an den Ausgläich verhënnert. Suessem an Tricolore haten dueno nach Latteknaller. An der 83' huet dunn den Erdovan Sali den 4:2 geschoss, wéi d'Suessemer Ofwier geschlof huet, den Erdovan Sali huet den Suessemer Keeper iwwerspillt a konnt ganz alleng de Ball iwwert d'Goallinn schiben. Dueno hat Tricolore nach Konterchancen, mee d'Genauegkeet am Ofschloss huet gefeelt.

Tricolore huet gekämpft an gutt gespillt, esou huet Tricolore verdéngt den éischten Dreier agefuer.