Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 09.09.2012 16.00h : FC Kopstal '33 - FC Tricolore Gasperich 2:3 (0:1)

0:1 4' Nuno De Almeida

1:1 54' (Kopstal), 2:1 85' (Kopstal, Penalty), 2:2 86' Nuno De Almeida, 2:3 90' (+3') Nuno De Almeida

 

 

Wieder : sonneg, +- 25°

Terrain : knubbeleg

Zuschauer : 60

 

 

 

 

Zu Koplescht kann sech Tricolore in extremis mat 3:2 duerchsetzen.

No 4' ass Tricolore a Féierung gaangen, den Flavio Morabito ass op riets duerchgaangen, säi Schoss konnt de Kopleschter Keeper nach paréiren, mee den Nuno Almeida stoung an der Mëtt goldrichteg fir de Ball eranzesetzen. Dueno huet Tricolore de Mätch kontrolléiert an huet Koplescht net an d'Spill komme gelooss. Tricolore hat nach eng oder déi aner gutt Aktioun no vir, mee et ass beim 1:0 zur Paus bliwwen.

No der Paus ass awer Koplescht méi aggressiv ginn, an huet Tricolore no hanne gedrengt. Koplescht huet sech puer Goalchancen erausgespillt bis et am Tricolore Goal gebimmelt huet. No engem laange Fräistouss konnt e Kopleschter Spiller de Ball eraschéissen. Tricolore war weider geschockt an hat Schwieregkeeten. No +- 70' huet Tricolore sech nees erholl an huet och nees besser no vir gespillt, dobäi war den Erdovan Sali 2X gutt an Aktioun gesat ginn. Koplescht huet awer net nogelooss, a krut an der 85' a 50-50 Penalty zougesprach, déi d'Lokalequip secher verwandelt huet. D'Freed bei de Kopleschter war grouss. Direkt nom Kick-Off huet Tricolore de Ball dem Rafael Andrade op riets gespillt, hien huet eng schéin Flank op den 2.Poto erabruecht an den Nuno De Almeida huet mam Kapp den 2:2 besuergt. Koplescht wollt an der Schlussphase nees méi an ass dofir batter bestrooft ginn, no engem séiren Ofschlag vum Kopleschter Goalie, huet den Nuno De Almeida de Ball opgeholl, hien huet d'Kopleschter Ofwier naas gemaach, ass alleng op de Goal gezunn, huet de Ball op de Poto gesat, an de Rebound zum 3:2 an d'Maschen gesat. Dueno war d'Freed am Tricolore Lager riesegrouss.

Insgesammt wär e Gläichspill gerecht gewiescht opgrond vun deenen 2 verschiddenen Halschenten. Tricolore huet awer super Moral gewissen nom Réckstand an der Schlussphas.