Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,04.03.2007 15.00h : Tricolore - Remerschen 2:1 (1:0)
Wieder : sonneg, +- 15°
Terrain : knubbeleg
Zuschauer : 60
1:0 20' Mambu
1:1 52', 2:1 56' Da Silva Joaquim
 
Kampf a Krampf war zu Gaaspërech ugesot. 
 
Déi éischt 10' war Tricolore nach am Tiefschlof. Remerschen huet no fir gespillt an Tricolore huet nëmme reagéiert. Et war schwéier op dem Terrain annstenneg
Fussball ze spillen, sou dass oft nëmme geknuppt ginn ass. Duerno huet Tricolore d'Spill besser an de Grëff kruut an ass an der 20' a Féierung gaang. No engem
laange Ball huet e Remerschener Spiller dolaangscht gerannt a de Francis Mambu ass fräi op de Goal gezunn an huet locker zum 1:0 eragesat. Dueno war 
Remerschen erem présent a war geféierlech. De Pascal Langers ass dunn an der 39' och nach vum Terrain geflunn, wéi e Remerschener Spiller eng kleng 
Privatsessioun mat dem No 4 hat. Béid kruten eng Giel Kaart, an de Pascal Langers, deen schon eng Giel Kaart krut ass vum Terrain geflunn. Eng Riesechanche 
hat Tricolore dunn nach kuerz virun der Paus wéi de Francis Mambu vu riets an de Strofraum gepasst huet, mee en Tricolore Spiller fräi am Strofraum kleeglesch 
dolangscht geschoss huet.
 
An der 2.Halschent loug du bal all 5 Minuten een um Bouden. Remerschen ass an der 52' zum Ausgläich komm : e Fräistouss vun der lénkser Säit ass an den
Tricolore Strofraum geknuppt ginn an do konnt e Remerschener Spiller fräi zum 1:1 erasetzen. Zum Gléck fir Tricolore ass nëmme 4' méi spéit den 2:1 gefall : 
e laange Ball op riets an de Remerschener Strofraum ass vum Francis Mambu zréckgekeppt ginn an de Joaquim Da Silva huet de Ball nëmmen bréischten iwwer 
d'Linn ze drécken. Remerschen war dueno beméit, mee den Tricolore Goalie Steve Krier huet näischt méi zougelooss. An der Schlussphase huet et Tricolore
nach kleeglesch verpasst fir de Score eropzeschrauwen.
 
Och wann et net iwweragent war, sou huet Tricolore verdéngt gewonnen.