Spillbericht Coupe FLF Senior 1 30.03.2013 15.00h : FC Kopstal '33 - FC Tricolore Gasperich 0:1 (0:1)

0:1 31' Virgulino

 

 

Wieder : bedeckt, +- 5°

Terrain : schlecht, schmiereg, voller Knuppen

Zuschauer : 20

 

 

 

 

An der Coupe FLF setzt sech Tricolore mat 1:0 zu Koplëscht duerch dank enger gudder éischter Halschent.

An der 1.Halschent huet Tricolore d'Spill bestëmmt a koum zu gudde Goalchancen. An der 31' ass dunn och den eenzege Goal gefall, nodeems de Carlo Antonicelli den Toy Virgulino fräigespillt huet, an den Toy Virgulino am Koplëschter Strofraum de Ball eragesat huet. Koplëscht war kaum geféierlech an der 1.Halschent.

An der 2.Halschent war et dunn en total anert Bild ginn, Koplëscht huet dominéiert an d'Lokalequip hat gutt Aschossméiglechkeeten déi si awer all versiebt hunn oder de Sergio De Freitas am Tricolore Goal huet d'Chancen vereitelt. Tricolore konnt sech eréischt an de leschte 15 Minuten vum Koplëschter Drock befreien an hat zum Schluss nach gutt Konterchancen.

Mat enger zesumme gewierfëllter Equip huet Tricolore sech zu Koplëscht duerchgesat.