Spillbericht Senior 2 Championnatsmätch Freideg,12.10.2007 19.30h : Mühlenbach - Tricolore 2:2 (0:0)
Wieder : gutt
Terrain : OK
Zuschauer : 15
 
1:0 46', 1:1 58' Campos, 2:1 63', 2:2 85' Azevedo
 
E gerecht Gläichspill ass et am 2.Equip'smätch zwëschen Millebaach an Tricolore ginn. Déi 1.Halschent huet Tricolore dominéiert,
a huet och vill Fräistéiss virum Millebaacher Strofraum zougesprach krut, leider sinn déi awer all versemmelt ginn. Millebaach huet 
oft Tricolore an den Abseits gestallt. Op der anerer Säit hat Millebaach an der 1.Halschent net vill opzeweisen.
An der 2.Halschent ass dunn awer den 1:0 fir Millebaach gefall, wéi d'Tricolore Ofwier e laange Ball ënnerlaf huet an e Millebaacher 
Spiller fräi konnt zum 1:0 erasetzen. An der 58' huet de Jorge Campos den 1:1 geschoss no engem Fräistouss vun der lénkser Säit,
wou hien de Ball onhaltbar an de Wénkel gedonnert huet. Nodeems Millebaach kuerz drop eng Riesechance net konnt verwerten, wéi
e Spiller aus 3m de Ball iwer de Goal gesat huet, huet d'Lokalequip awer den 2:1 geschoss. Dueno hat Millebaach nach gutt Chancen
fir e weidere Goal ze schéissen. Tricolore war beméit nach eppes ze räissen, an an der 85' konnt Tricolore den 2:2 erzielen, wéi den
"Juici" aus eng staark abseitsverdächteger Positioun gestart ass, Pass op den Hugo Azevedo a Goal. Virum 2:1 muss een awer och
soen dass en Tricolore Spiller eng Kéier fräi duerch war an zu Onrecht op Abseits entscheed ginn ass.