Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 22.02.2015 16.10h : Union Sportive Moutfort - FC Tricolore Gasperich 4:2 (1:1)

1:0 35' Moutfort, 1:1 36' Thomas Breyer

2:1 49' Moutfort (Penalty), 3:1 61' Moutfort, 4:1 64' Moutfort, 4:2 86' Michel Dioh

Rout Kaart fir Alex Rocha an der 47'

 

Wieder : sonneg, frësch, +- 5°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 50

 

 

 

 

 

 

 

Tricolore verléiert verdéngt mat 2:4 zu Mutfort. Insgesammt war Tricolore technesch ze schlecht an war no vir ze harmlos. 

Zunächst war Kampf a Krampf ugesot, Goalchancen sinn et keng ginn. Moutfort war technesch besser an huet Mëtt vun der 1.Halschent d'Spill ënner Kontroll krut an huet sech puer Goalchancen erausgespillt, an der 35' ass d'Lokalequip dunn och a Féierung gaang. Nëmmen 1' drop krut den Thomas Breyer de Ball zougespillt an hien huet de Moutforter Keeper iwwerlobt, Tricolore total effizient.

Direkt no der Paus huet den Alex Rocha d'Noutbrems am Tricolore Strofraum gezunn, Rout Kaart a Penalty deen vun Moutfort sëcher verwandelt ginn ass. Moutfort hat dunn méi liicht Spill an huet nach op 4:1 erhéischt. Tricolore huet an der Schlussphase zumindest puer Aktiounen no vir gewissen, an konnt nach op 2:4 verkierzen.