Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 13.05.2012 16.10h : FC Tricolore Gasperich - FC Sporting Bertrange 0:4 (0:3)

0:1 22', 0:2 36', 0:3 45' (Penalty)

0:4 83'

 

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : OK    

Zuschauer : 60

 

 

 

 

 

Tricolore verléiert géint Bartréng mat 0:4 a kann sech elo op de Barragemätch virbereeden fir net an d'3.Divisioun ze falen.

Déi éischt Riesechance hat Tricolore, mee de Pietro Lombardini konnt de Ball fräi virum Goal net verwerten. Tricolore hat Bartréng ënner Kontroll, mee ass dunn awer nees a Réckstand gerodden an der 22', wéi d'Ofwierverhalen nees katastrophal war, andeems Spiller einfach alleng gelooss ginn. De Mätch ass esou dohigeplätschert, bis Tricolore hannen nees net opgepasst huet an sech weider 2 Goaler virun der Paus gefank huet.

An der 2.Halschent war praktesch näischt méi lass, Tricolore huet versicht, mee d'spilleresch Mëttelen hu gefeelt fir Barténg ernsthaft a Gefor ze bréngen.

Elo gëllt d'Konzentratioun op dee Barragemätch. D'Defensivverhalen muss onbedegt fir dee Mätch verbessert ginn. 66 Goaler schon am Championnat kasséiert, dat seet jo schon alles.