Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,27.04.2008 15.30h : AS Luxembourg - Tricolore 1:5 (0:3)
Wieder : sonneg
Terrain : gutt
Zuschauer : 30
0:1 6' Etonde, 0:2 23' De Lemos, 0:3 39' Chioato
1:3 52', 1:4 56' Antonicelli, 1:5 87' Antonicelli
 
Souverän huet sech Tricolore beim Fëschmaart behaapt.
 
An der 6' ass schon den 0:1 gefall, wéi de Charles Etonde lancéiert ginn ass, hien huet den ASL Keeper iwerdribbelt an huet de Ball erageschiebt.
Tricolore huet nach eng Kéier d'Netz kuerz drop fonnt, mee de Carlo Antonicelli soll am Abseits gewiescht sinn ?. Den 2. Goal ass an der 23'
dunn awer gefall, wéi de Filipe De Lemos aus 25m ofgezunn huet an de Ball am Goaleck geland ass. An der 39' huet et fiert 3. geschellt, wéi
no engem Handspill am Strofraum vun engem ASL Spiller den Emanuele Chioato locker de Penalty verwandelt huet. De Feschmaart war 2 Mol
geféierlech duerch Korneren, Tricolore konnt awer d'Situatiounen klären. 
 
An der 2.Halschent, ass an der 52' den 1:3 gefall, an d'Lokalequip huet ërem Hoffnung geschöpft. Mee scho 4' dueno ass den 1:4 gefall, wéi 
den Emanuele Chioato eng Granat lassgelooss huet an de Ball ass vun der Lat an d'Feld zréckgesprong (De Ball soll schon hannert der Goallinn
gewiescht sinn), de Carlo Antonicelli huet de Ball just brauchen iwer d'Linn ze schieben. An der 87' huet dunn den Emanuele Chioato ërem de
Goalie aus der Distanz getest, den ASL Keeper konnt de Ball just no fir ofpralle loosen, an de Carlo Antonicelli war ërem op der Plaz fir zum
Endresultat anzeschieben. Tricolore hat nach weider Konterchancen, an hat de Fëschmaart gutt am Grëff. De Kapitän Ferdy Ciufoli huet
enorm vill Kappbelldueller gewonn. 
 
Gutt Leeschtung a konsequent gespillt, dat léisst hoffe fir déi weider Aufgaben.