Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,04.11.2007 14.30h : Tricolore - AS Luxembourg 3:2 (0:1)
Wieder : bedeckt
Terrain : et geet
Zuschauer : 60
0:1 23'
1:1 50' Corallo, 1:2 62', 2:2 72' (Selbstgoal Goalie ASL), 3:2 89' De Lemos
 
Am Stater Derby huet sech Tricolore knapp mat 3:2 géint de Fëschmaart behapt.
 
D'Lokalequip hat de bessere Start erwëscht, an an der 5' ass de Carlo Antonicelli am ASL Strofraum fräi zum Schoss komm,
mee den ASL Keeper huet paréiert. No 20' ass Tricolore ageschlof, an de Fëschmaart huet méi no vir gemaach. An der 23'
ass dunn den 1:1 gefall, wéi no engem Fräistouss en ASL Spiller fräi konnt erakeppen. Kuerz drop kuem ërem en ASL Spiller
fräi zum Kappball, mee konnt net verwerten. D'Spill ass vill duerch Fräistéiss ënnerbrach ginn, wou de Fëschmaart der méi hat.
Eng Chance virun der Paus konnt Tricolore nach verzeechnen, déi awer net verwert ginn ass.
 
Am 2.Duerchgang huet Tricolore direkt Drock gemaach. An der 50' huet de Michele Corallo vun der rietser Bauselinn scharf
erageschoss, an de Fëschmaarter Goalie konnt de Ball um 1.Poto nëmmen an d'eege Maschen deeviéiren. D'Freed war awer
net vu langer Dauer, well an der 62' no engem Korner en ASL Spiller de Ball aus 5m zum 1:2 eragesat huet. Tricolore war awer
weider motivéiert nach eppes ze reissen. De Marc Baum huet no der Paus vill spillëresch Akzenter gesetzt. Hie war et dunn och
deen an der 72' am Strofraum zum Kappball komm ass, an den ASL Keeper huet de Ball selwer an d'Netz gelenkt. 1' drop war et
du bal ërem d'Féierung fir de Fëschmaart, wéi e Spiller de Ball aus 20m voll op de Poto geknallt huet. De Steve Krier am Tricolore
Goal huet missen 2 mol glänzend paréiren fir d'Lokalequip am Spill ze halen. Tricolore huet awer Wëlle gewissen fir nach ze gewannen.
Eng gutt Chance hat Tricolore, wéi no enger Pass vum Marc Baum an de Strofraum, de Steven Schommer fräi zum Schoss komm ass, 
mee de Keeper huet d Ball paréiert. Den 3:2 ass an der 89' gefall : No enger super Kombinatioun ass de Marc Baum op riets fräigespillt ginn,
hien huet eng clever Pass op den 2.Poto gespillt, wou de Filipe De Lemos fräi konnt de Ball ophuelen a mat engem Knaller de Ball ënnert d'Lat
eragesat huet.
  
Insgesammt war Tricolore virum Goal méi realistëch, De Fëschmaart hat e puer Chance méi, mee Tricolore huet bësseg gespillt an
huet Wëlle gewissen.