Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 23.04.2014 19.30h : FC Tricolore Gasperich - FC Syra Mensdorf 2:4 (0:3)

0:1 13' Mensdorf, 0:2 27' Mensdorf, 0:3 43' Mensdorf

1:3 64' Carlo Antonicelli, 1:4 77' Mensdorf, 2:4 89' Pasquale Antonicelli

 

 

 

Wieder : staark bedeckt, Reen, +-15°

Terrain : knubbeleg, stëpseg

Zuschauer : 30

 

 

 

 

 

 

Déi éischt geféierlech Aktioun no vir hat Tricolore, den David Pettinato, deen op riets alleng duerch gaangen ass, huet de Ball fräi an de Strofraum gespillt, mee et war keen Tricolore Spiller do fir anzeschieben. Dueno huet Menster d'Spill dominéiert an Tricolore huet sech hannen katastrophal Feeler erlaabt. Menster war méi bësseg an den Zweekempf. Menster hat 3 Goaler geschoss an der 1.Halschent an hat nach weider Goalchancen, vun Tricolore koum praktesch näischt méi an der 1.Halschent. No der Paus huet dunn Tricolore méi gekämpft a Wëlle gewissen an huet de Mätch dominéiert. Tricolore ass verdéngt op 1:3 erukomm fir dueno nees duerch e krasse Feeler 1:4 a Réckstand ze geroden. Trotz dem neie Réckschlag huet d'Equip net opginn an ass nach duerch den 2:4 belount ginn. Eng katastrophal 1.Halschent huet Tricolore op d'Verléirerstrooss bruecht. Tricolore bleiwt weider am Ofstiegskampf, mat 9 Punkte Virsprong op d'ASL Porto, déi elo géint Equipen déi ënne stinn spillen. Dofir brauch Tricolore nach eventuell Punkten fir net op d'Relegatiounsplaz ofzerutschen. Mat der Moral an Asaatz vun der 2.Halschent klappt dat.