Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 25.09.2011 : FC Luna Obercorn - FC Tricolore Gasperich 6:0 (2:0)

1:0 21', 2:0 28'

3:0 74', 4:0 82', 5:0 84', 6:0 90' (+1')

 

Wieder : sonneg, +- 25°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

No enger grausamer Virstellung geet Tricolore mat 0:6 (0:2) bei Luna Uewwerkuer ënner.

Luna Uewwerkuer war direkt méi preesent an huet Tricolore kaum zum Entfalten komme gelooss. Tricolore war guer net am Mätch an esou huet sech d'Lokalequip och gutt Goalchancen erausgespillt. Déi logësch Konseequenz dunn an der 21', wéi Luna 1:0 a Féierung gaangen ass. Luna huet weider méi vum Spill gehat, an an der 28' huet d'Lokalequip op 2:0 erhéischt. Tricolore hat weider Problemer hanne wéi vir, d'Equip ass der Musik gréisdendeels hannendru gelaf. Keng konkret Goalchance huet sech Tricolore an der 1.Halschent erausgespillt.

No der Paus huet Tricolore eng Reaktioun gewissen an huet Luna ënner Drock gesat. An der steeriler Drangphase huet et Tricolore awer verpasst e Goal ze schéissen, no puer Goalchancen. No +- 70' huet Tricolore säi Polfer verschoss, a Luna ass erëm besser an d'Spill komm, déi lescht 20 Minutten waren dunn nees mega peinlech, d'Equip huet sech deelweis an hiert Schicksal gefügt an ass zum Schluss nach ofgeschoss ginn. An den Tricolore Keeper huet nach gutt Reaktiounen gewissen, soss het et nach méi peinlech kënne ginn.

Eng blamabel Virstellung vun Tricolore. Trotzdem muss et weider goen.