Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 07.09.2014 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Union Sportive Moutfort 2:5 (0:2)

0:1 11' Moutfort, 0:2 45' (+1') Moutfort

0:3 51' Moutfort (Penalty), 1:3 68' Adams Diarrassouba, 1:4 79' Moutfort, 1:5 83' Moutfort, 2:5 88' Miguel Pereira

 

Wieder : sonneg, +- 25°

Terrain : gutt

Zuschauer : 70

 

 

 

 

 

 

 

Tricolore verléiert verdéngt géint Mutfort. 

An der 1.Halschent war Magerkost ugesot, béid Equipen konnten sech kaum geféierlech an Szene setzen. An der 11' ass Mutfort duerch en direkt verwandelten Fräistouss a Féierung gaangen. D'Spill war schwaach, trotzdem konnt Mutfort nach virun der Paus de Virsprong ausbauen, wéi d'Tricolore Ofwier op der rietser Säit an Déifschlof war, an e Mutforter Spiller ganz alleng konnt den 2:0 markéiren. Tricolore hat keng Goalchance an der 1.Halschent. An der 51' krut Mutfort e Penalty zougesprach, nodeems engem Tricolore Spiller de Ball un d'Hand gesprong ass. De Penalty ass verwandelt ginn. No +- 60' Minuten ass Tricolore awer och offensiv aktiv ginn, an hat gutt Goalchancen, trotzdem war d'Ofwierverhalen vun der Lokalequip ze vill lückenhaft. Tricolore huet 2 schéin erausgespillte Goaler geschoss. An der Schlussphase hate béid Equipen och weider gutt Aschossméiglechkeeten, Tricolore hett nach kënnen erukommen, mee leider huet d'Lokalequip weider Goaler kasséiert.