Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Schifflange '95 1:2 (0:0)

 

0:1 54', 1:1 58' Rizvani, 1:2 59'

 

Wieder : staark bedeckt, +- 5°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 60

 

 

 

No enger katastrophaler Owfierleeschtung verléiert Tricolore verdéngt mat 1:2 géint Schëffléng.

No +- 30' hett Schëffléng scho kéinte locker vir sinn, mee si hunn Riesechancen net genotzt, 3 X Lat, Unvormögen virum Goal an de Steve Krier am Tricolore Goal hu verhënnert dass et nach 0:0 stoung. Tricolore war komplett vun der Roll. No enger halwer Stonn ass dunn d'Lokalequip erwescht an hat och Riesechancen fir a Féierung ze goen, Schëffléng war awer och weider geféierlech, well d'Lokalequip defensiv weider schwaach war.

No der Paus huet dunn Tricolore d'Spill an d'Hand geholl an hat Chancen fir a Féierung ze goen. Mee Schëffléng huet dunn awer den 0:1 geschoss, wéi no engem weideren defensive Lapsus e Spiller fräi konnt de Ball an de laangen Eck setzen. 4' drop dunn den Ausgläich, den Denis Rizvani huet um 2.Poto de Ball fräi eragesat. Schon 1' drop huet Tricolore erëm geschlof an ass prompt bestrooft ginn, Schëffléng ass nees a Féierung gaangen. Dueno war Tricolore iwwerleeën, mee super Goalchancen sinn net genotzt ginn, och Schëffléng war ëmmer nees geféierlech well Tricolore weider Ofwierschwächen gewissen huet.

Eng entäuschent Leeschtung, béid Equipen waren defensiv total schwaach, mee d'Offensivabteilungen hunn dat deelweis stümperhaft net ausgenotzt. An deem Mätch hette béid Equipen kënnte locker op mannst 5 Goaler schéissen.