Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 22.05.2013 19.30h : FC Tricolore Gasperich - Sporting-Club Bettembourg 1:2 (0:1)

0:1 18' 

0:2 58', 1:2 83' Foetz

 

Wieder : staark bedeckt, +- 7°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 30

 

 

 

 

 

 

 

 

An engem vun der Tabell bedeitungslose Mätch verléiert Tricolore doheem mat 1:2 géint Beetebuerg.

Beetebuerg war an der Ufanksphase besser an an der 18' Minutt ass d'Equip a Féierung gaangen, Tricolore ass op der lénkser Säit iwwerlaf ginn, de Beetebuerger Spiller huet ofgezunn, an de Ball an de laangen Eck gesat. No 28' ass Tricolore nees op lénks iwwerlaf ginn, e Beetebuerger Spiller huet an d'Mëtt gepasst, an de Sergio De Freitas konnt e Beetebuerger Schoss um 2.Poto a Korner paréiren. Dueno huet awer Tricolore dominéiert an hat de Mätch am Grëff, konnt sech awer kaum geféierlech an Szene setzen.

Och an der 2.Halschent huet Tricolore weider dominéiert, hat awer keng gutt Argumenter fir Beetebuerg richteg a Verleegenheet ze bréngen, op Konter huet Beetebuerg och op 2:0 erhéischt. An der 83' ass Tricolore awer nach belount ginn, aus 40m huet de Jacques Foetz per direkte Fräistouss de Beetebuerger Keeper iwwerrascht.

No enger schlechter Ufanksphase huet Tricolore sech gerappt an ass besser an de Mätch komm. Béid Equipen hu gekämpft, den Arbitter huet awer keng giel Kaart misse weisen.