Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - FC Rodange '91 0:1 (0:0)

0:1 83' Selbstgoal (Ribeiro)

Wieder :  sonneg, +- 20°

Terrain : drëschen a knubbeleg

Zuschauer : 70

 

 

 

 

Géint Rodange huet Tricolore eng onglécklech an onverdéngt Nidderlag kasséiert.

Tricolore huet de Mätch direkt ënner Kontroll krut an huet Rodange a Schach gehal. D'Spill ass Richtung Rodanger Goal gaangen. De Mike Ribeiro hat däi beschte Chance an der éischter Halschent, mee seng Direktabnahm huet de Rodanger Goalie paréiert. Rodange huet mat laangen Bell opéreiert, Tricolore Ofwier war awer hellwach. D'Lokalequip huet d'Spill gemaach an hat déi besser offensiv Aktiounen.

An der 2.Halschent ass Tricolore nach méi dominant ginn, mee trotz super Goalchancen (Bardhi, Da Rocha, Ribeiro...) huet d'Lokalequip am leschte Moment déi falsch Entscheedung getraff (Pass anstatt Schoss oder ëmmgekéiert) oder ass um Rodanger Goalie henke bliwwen. Tricolore huet Rodange no hanne gedrengt, an Rodange huet op Konter gespillt. An der 83' ass dunn den 0:1 gefall wéi e Spiller vu riets an den Tricolore Strofraum geflankt huet, de Ball ass duerchgaangen an um 2.Poto krut de Mike Ribeiro de Ball onglécklech virun d'Féiss an huet de Ball an den eegene Goal gesat. Dueno war d'Loft eraus an et ass näischt méi passéiert.

Tricolore huet dominéiert, krut de Ball awer net ënnerbruecht. An dann ass et nach an dem Mätch typesch gewiescht, dass Rodange duerch e Selbstgoal gëwennt. Et läit en Heimfluch op Tricolore.