Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 18.05.2013 18.00h : Club Sportif Sanem - FC Tricolore Gasperich 6:2 (3:1)

0:1 18' Ben Djamaa, 1:1 30' 2:1 43', 3:1 45'

4:1 58', 4:2 59' Curioso, 5:2 75', 6:2 88' (Penalty)

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 20°

Terrain : syntheetesch

Zuschauer : 70

 

 

 

 

 

 

 

 

Zu Suessem huet Tricolore wéi schon am Hispill 6 Goaler géint Suessem kasséiert.

Tricolore huet zunächst Suessem gutt am Grëff gehat. An der 18' ass Tricolore esou guer a Féierung gaangen, no engem Korner vum Tun Curioso, konnt de Suessemer Keeper de Ball net festhalen, an den Andy Ben Djamaa huet de Ball aus kuerzer Distanz iwwer d'Linn gedréckt.  An der 30' huet Suessem ausgeglach, e Spiller konnt vu riets fräi an den Tricolore Strofraum flanken, d'Tricolore Ofwier konnt de Ball net klären, an e Suessemer Spiller huet de Ball just missen iwwer d'Linn drécken. An der 43' ass Suessem a Féierung gaangen, no engem onberechtege Fräistouss vu riets huet Tricolore Ofwier nees geschlof an e Suessemer Spiller huet de Ball um 2.Poto eragesat. An der 45' huet Suessem dunn och nach op 3:1 erhéischt. Tricolore war kaum offensiv preesent.

Och an der 2.Halschent war Suessem méi geféierlech, an der 58' huet d'Lokalequip den 4:1 geschoss. Nëmmen 1' drop huet den Tun Curioso fir e Liichtbléck gesuergt, hien huet aus 20m ofgezunn, de Ball ass ofgefälscht ginn an huet sech an de Goalwénkel gesat. Tricolore war beméit nach eppes ze rappen, mee duerch Ofwierfeeler huet Suessem nach 2 weider Goaler geschoss.

Tricolore hat zevill Konzentratiounsfeeler.