Spillbericht Coupe FLF Senior 1 25.04.2013 19.30h : FC Tricolore Gasperich - U.S. Boevange 6:4 n.pen. (2:2 n.v.)

1:0 27' Antonicelli

1:1 90' (+4') (Boevange)

1:2 102' (Boevange), 2:2 109' Sali

 

Penaltyschéissen : 4:2

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 20

 

 

 

 

Duerch eng kämpferëch an disziplinéiert Leeschtung gewënnt Tricolore an der 1/16 vun der Coupe FLF géint Béiwen.

Tricolore war vun Ufank un gutt agestallt an huet Béiwen net zum Spill komme gelooss. An der 27' huet e Béiwener Spiller de Ball vertendelt, de Carlo Antonicelli huet séier geschalt an huet den 1:0 geschoss. Béiwen huet dominéiert, mee d'Tricolore Ofwier stoung gutt. Virun der Paus hett Tricolore de Virsprong nach kéinten ausbauen.

No der Paus huet Béiwen weider dominéiert an Tricolore huet op Konterchancen gewaart. An der 53' ass de Simon Leick op lénks duerchgaang, hien ass am Béiwener Strofraum gefoult ginn an et ass Penalty ginn, dee leider vun Tricolore net verwert ginn ass. An der 88' krut e Béiwener Spiller eng Rout Kaart nodeems hien de Raphael Reiter gerannt huet. Béiwen war trotzdem weider um Drécker, an an der 94' huet Béiwen nach den 1:1 geschoss.

An der Verlängerung weider dat gläicht Bild, Béiwen huet dominéiert an Tricolore huet op Konter gelauert. An der 102' Minutt ass Béiwen dunn a Féierung gaang. Tricolore huet awer net opginn, an an der 109' Minutt huet den Erdovan Sali den 2:2 erzielt.

Am Penaltyschéissen huet Tricolore 4 Penaltys verwandelt, de Sergio De Freitas am Tricolore Goal huet ee Schoss paréiert a Béiwen huet ee Penalty laangscht gesat, esou dass et 4:2 am Penaltyschéissen ausgaang ass.

Eng super Moral an Astellung vun Tricolore. An der 1/8 Final spillt Tricolore domadder den 01.Mee um 17.00h zu Kielen.