Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Football Club Ehlerange  - FC Tricolore Gasperich 2:2 (1:0)

Wieder : staark bedeckt

Terrain : déif, awer bespillbar

Zuschauer : 40

 

 

 

 

Zu Éilereng gouf et 2.verschidden Halschenten. Déi 1. Halschent war kloer fir Éilereng, an déi 2.Halschent war kloer fir Tricolore.

Déi éischt 15' ass Éilereng besser an d'Spill komm, an Tricolore war ze passiv. Dueno ass Tricolore besser an d'Spill komm, ouni awer Gefor auszestralen. An der 29' hat Éilereng eng Riesechance, e Spiller ass alleng op de Goal gaang, mee huet säi Schoss verzunn. An der 31' krut Tricolore dunn awer d'Rechnung, no engem Stoppfeeler vum Tun Curioso, ass e Lokalspiller fräigespillt ginn, an huet locker zum 1:0 eragesat. An der Phase war Tricolore total vun der Roll, den Orlando Da Rocha hat awer an der 41' eng Chance, mee hien huet säi Schoss verzunn. Virun der Paus huet dunn de "Bip" Steve Wolff am Tricolore Goal 2 mol rieseg paréiert fir Tricolore am Spill ze halen. Dueno hat de Mike Ribeiro op Tricolore Säit e Schoss lassgelooss, deen den Éilerenger Keeper Steve Krier awer paréiert huet.

An der 2.Halschent war Tricolore dunn awer wéi ausgewieselt, an hat de Mätch kloer dominéiert. Den 1:1 ass an der 53' gefall, wéi no engem Fräistouss op den 2.Poto de Joscelino Silva mam Kapp eragesat huet. Tricolore hat awer an der 55' nach e Blackout, an en Éilerenger Spiller ass fräi zum Goal gezunn, mee huet de Ball iwwert den Tricolore Goal gesat. Tricolore huet weider no fir gespillt, hat Goalchancen, an ass an der 67' belount ginn, wéi de Mike Ribeiro fräigespillt ginn ass, an den 1:2 markéiert huet. Tricolore war weider um Drécker, huet et awer verpasst trotz gudder Chancen e weidere Goal ze schéissen. E Schock fir déi Gaasperecher an der 73'. De Fernand Federspiel huet e Fräistouss ze séier ausgefouert an den Arbitter huet him dofir déi 2.Giel Kaart gewissen, an Tricolore war just nach zu 10. (Den Arbitter war selwer e bësse geschockt dass de Fernand Federspiel schon Giel hat) Tricolore huet awer weider no fir gespillt, an den Orlando da Rocha hat nach eng Super Chance. Leider fir Tricolore ass an der 84' den 2:2 gefall, wéi no engem Gewuls am Tricolore Strofraum en Éilerenger Spiller de Ball krut huet an de Ball an den Eck gesat huet. Dueno wollte béid Equipen nach eppes räissen, mee et ass beim 2:2 bliwwen.

No enger schlechter 1.Halschent war Tricolore nom Pausentéi kloer on Top. Gerechten 2:2.