Sonndeg, den 19.11.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Egalité Weimerskirch - FC Tricolore Gasperich 1:0 (0:0)

1:0 49'

Trotz enger klorer Iwwerleeenheet ass Tricolore eidel zu Weimerskierch heemgaang. Chancen ware genuch do fir de Mätch locker ze gewannen. Scho vum Ufank un ass Tricolore aggressiv opgetrueden an huet Weimerskierch no hanne gedrengt. De Laurent Acquistapace war am Mëttelpunkt vum Chancentod, hien huet an der 1.Halschent gudd Geleegenheeten ausgelos, dobäi och eng Kéier op de Poto getraff. De Jacques Foetz huet hien 2 Mol wonnerbar fräigespillt. Weimerskierch war an der 1.Halschent nëmmen sporadësch no vir komm, hat awer eng gudd Chance an der 32' wéi e Spiller vu lénks duerch den Tricolore Strofraum spazéiert ass, säi Schoss huet d'Aussenetz getraff. Kuerz no der Paus ass de Laurent Acquistapace schéi vum Steven Schommer agesat ginn, mee erëm konnt de Weimerskiercher Goalie paréiren. Schock dunn an der 49' : de Filipe de Lemos verléiert de Ball op der rietser Strofraumgrenz, e Weimerskiercher Spiller zit of, an de Ball krit eng Knupp a spréngt iwwer de Steve Krier an den Tricolore Goal. De Carlo Antonicelli huet nach e schéine Fräistouss ofgefeiert an der 58' mee de Goalie war alt erëm um Posten. No enger 1-2 an der 61' ass de Filipe de Lemos fräi virum Goal opgetaucht, mee säi Schoss ass kloer iwwert dem Goal geland. An der Schlussphase huet Tricolore et du versicht mat der Briechstaang, war awer du relativ harmlos ginn, esou dass Weimerskierch de Viersprong verteidege konnt.   

Tricolore Equip