Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 20.05.2012 16.00h : FC Noertzange H.F. - FC Tricolore Gasperich 0:2 (0:0)

 

0:1 46' Ceman, 0:2 63' Rizvani

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 42

 

 

 

Am leschte Championnatsmätch bréngt et Tricolore fir d'éischt färdeg zu Närzéng op Null ze spillen.

D'Equip ass op ville Positiounen geännert ginn, fir sech schon op de Barragemätch virzebereeden. An der 1.Halschent ass net vill passéiert, béid Equipen hunn no vir gespillt, déi bescht Chance hat den Denis Rizvani, wéi hien um 2.Poto de Ball knapp laangscht gesat huet. 

An der 46' ass Tricolore a Féierung gaangen, wéi den Ervin Ceman sech op riets duerchgesat huet, an dem Närzénger Keeper keng Chance gelooss huet. D'Tricolore Ofwier stoung stabil an huet näischt ubrenne gelooss. An der 63' krut den Denis Rizvani op lénks de Ball an hien konnt de Närzénger Keeper am Strofraum iwwerwannen. Dobäi huet de lokale Keeper sech verletzt an de Mätch huet misse kuerz ënnerbrach ginn. Mat der 2:0 Féierung huet dunn Tricolore de Mätch verwalt, Närzéng hat nach eng ganz gutt Goalchance, mee de Spiller huet virum Goal laangscht geschoss.

Virun dem Barragemätch war dat eng gutt Leeschtung.