Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 18.09.2013 19.30h : FC Tricolore Gasperich - FC Red Boys Aspelt 0:2 (0:0)

0:1 64' (Aspelt), 0:2 78' (Aspelt)

 

 

Wieder : staark bedeckt, +- 15°

Terrain : bespillbar, puer Waasserpill

Zuschauer : 30

 

 

 

Tricolore huet zwar gekämpft, konnt sech awer kaum geféierlech duersetzen, an am defensive Beräich sinn nees puer Feeler gemaach ginn, déi vun Uespelt ausgenotzt goufen.

An der 1.Halschent gouf et praktësch keng Goalchance op bäide Säiten. No der Paus huet Tricolore gutt ugefaang fir dueno nees an e Lach ze falen. An der 58' huet Tricolore Mëttelfeld de Ball vertendelt, en Uespelter Spiller ass Richtung Goal gezunn, en Tricolore Spiller huet d'Noutbrems gezunn a krut d'rout Kaart gewissen. No 6' drop huet Uespelt dunn den 1:0 geschoss, no engem Ballverloscht vun Tricolore, ass en Uespelter Spiller op riets duerchgaang, huet op den 2.Poto geflankt, wou en Uespelter Spiller konnt erasetzen. Den 2:0 fir Uespelt war Copy Paste vum 1.Goal. Trotz Beméiungen war Tricolore weider harmlos. An der 90' krut dunn och den Uespelter Keeper Rout, nodeems hien Spiller beleidegt huet.