Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,16.03.2008 15.10h : Tricolore - Ehnen 5:1 (2:1)
Wieder : staark bedeckt, liichte Reen
Terrain : bespillbar
Zuschauer : 20
1:0 7' Lombardini, 1:1 14', 2:1 36' Lombardini 
3:1 50' De Lemos, 4:1 65' Antonicelli, 5:1 71' Da Silva
 
Verdéngt huet Tricolore géint Éinen gewonn.
 
Géint eng ersatzgeschwächten Éinerer Equip huet d'Tricolore direkt Kontroll gehat. An den éischte 10 Minuten het et schon
op manns 3X kënne bimmelen. An der 7' huet de Pietro Lombardini zumindest den 1. Goal geschoss, wéi hien no engem
schéinen Zouspill fräi duerch war. Dueno war awer Éinen um Zug, an hat selwer gutt Chancen, woubäi an der 14' eng genotzt
gouf. Tricolore huet dueno weider gutt Chancen gehat an nach zum 2:1 erhéischt.
 
An der 2.Halschent war Tricolore weider spillbëstemmend, an huet de Score eropgeschrauwt. Chancen op béide Säiten, Tricolore
méi wéi Éinen, et hett och kéinte 12:5 ausgoen?. An de leschte 15' huet et ausgesinn wéi e Kirmesmätch, d'Spiller wollte nëmmen
nach Goaler schéissen, dobäi wer een awer bal ageschlof, well näischt méi passéiert ass.
 
Wichteg 3 Punkten, de Mätch schwéier ze bewerten.