Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - FC Flaxweiler-Beyren Udinesina 1:2 (0:0)

Wieder : staark bedeckt, Loft

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

 

 

 

Géint Fluessweiler/Beyren huet Tricolore mat 1:2 verluer. No dem Coupe'smätch virun 3 Wochen wou Tricolore sech no Penalty duerchgesat huet, sollt dës Kéier Fluessweiler/Beyren d'Iwwerhand behalen.

Déi 1.Véirelstonn war Fluessweiler méi aktiv, ouni awer eppes konkretes erauszeschloen. Dueno ass Tricolore besser an d'Spill komm, mee och bei der Lokalequip war offensiv Sense. Béid Equipen hunn sech weider neutraliséiert. Den Orlando Da Rocha hat eng Goalchance, mee hien ass ze wäit ofgedrengt ginn, sou dass säi Schoss iwwer d'Lat gaang ass. Kuerz virun der Paus hat dunn awer och Fluessweiler 2 Goalchancen, mee si hunn se net genotzt.

No der Paus dat gläicht Bild. An der 53' sollt dunn awer den 0:1 falen : No engem Fräistouss fir Fluessweiler ass e Spiller vu Fluessweiler am Tricolore Strofraum nach just un de Ball komm, de Ball ass an enger Art Bogenlamp Richtung Goal gaangen, wou den David Spinelli de Ball just nach via Poto an de Goal konnt lenken. 3' drop ass den 1:1 gefal no enger schéiner Kombinatioun ass den Orlando Da Rocha fräigespillt ginn, an huet de Keeper vu Fluessweiler aus 20m iwwerwonnen. Weider 3' méi spéit ass den 1:2 gefal : no engem Fräistouss op den 2.Poto waren 3 Spiller vu Fluessweiler fräi, an ee Spiller huet de Ball propper an de Wénkel gekeppt. Dueno war Tricolore beméit nach eng Kéier auszegläichen, awer ausser Distanzschëss hat d'Lokalequip näischt méi opzeweissen. Fluessweiler/Beyren war op Konter hinn nach eng oder déi aner Kéier geféierlech.

De Mätch war ausgeglach, Fluessweiler/Beyren war méi clever an huet vun den Tricolore Feeler profitéiert.

Just nach eng Remark : Fluessweiler/Beyren ass villäicht um Terrain OK, mee nom Mätch einfach null. (Déi schlechsten Equip). Direkt nom Mätch sinn d'Spiller esou séier wéi méiglech verschwonn.