Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 19.10.2014 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Club Sportif Sanem 0:2 (0:2)

0:1 22' Sanem, 0:2 44' Sanem

 

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 40

 

 

 

 

 

 

 

Tricolore verléiert doheem géint Suessem mat 0:2. Schon no 5' huet den Arbiter 2 Giel Kaarten Tricolore gewissen fir normal Fouls. An der Ufangsphase hat Suessem gutt Goalchancen. Tricolore hat och eng Riesechance. Suessem ass an der 22' a Féierung gaangen, Tricolore hat virun der Paus nach gutt Aschossméiglechkeeten, Suessem huet awer den 2:0 duerch eng staark verdechtegt Abseitspositioun geschoss, dueno hat Tricolore nach eng gutt Chance fir op 1:2 erunzekommen. Déi 2.Halschent war spillerech en totale Langweiler, Suessem huet net méi gebraucht, Tricolore konnt net méi. Alt nees huet den Arbiter misse säin Cinema opféieren, wéi en den Amilton Jesus duerch en normaalt Foul an der 78'  per Giel-Rout vum Terrain gesat huet. De Mätch ass weider verflacht an et ass beim 2:0 fir Suessem bliwwen.