Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Blo-Wäiss Itzig - FC Tricolore Gasperich 4:2 (2:2)

Wieder : liicht bedeckt, kal

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

0:1 2' De Lemos, 0:2 15' Ribeiro,1:2 41', 2:2 45' (+4') (Penalty)

 

3:2 59', 4:2 65'

Zu Izeg huet Tricolore schon e gegleewtenen gewonne Mätch verluer.

An der 2' huet den Adel Sinanovic aus 20m ofgezunn, den Izeger Keeper huet glänzend paréiert, de Ball ass awer beim Filipe de Lemos geland,

hien huet ofgezunn an de Ball an den Eck gesat. Tricolore hat weider Uewerwaasser, a sou huet de Mike Ribeiro an der 15' aus +- 30m den Izeger Goalie

gelopt. Dueno war Tricolore weider um Ruder, huet et awer net gepackt weider Goaler ze schéissen. No 30' huet Tricolore nogelooss, an Izeg ass an d'Spill

komm. Fir d'Noléissegkeet ass Tricolore fir d'éischt an der 41' bestroft ginn, wéi en Izeger Spiller fräi konnt erasetzen. An der Nospillzäit vun der 1.Halschent

ass de Ball dunn am Mëttelfeld vertendelt ginn, op lénks ass en Izeger Spiller duerchgaang, huet erageflankt, an e Spiller huet am Strofraum fräi op de Goal

gezielt, de Claude Beck konnt just nach op der Linn de Ball mat der Hand ofwieren. Logësch Konsequenz : Penalty a Rout Kaart. De Penalty ass locker

vum Kapitän Eugène Afrika eragesat ginn.

 

An der 2.Halschent war dunn Izeg um Ruder, an Tricolore hat zunächst näischt ze mellen. Den 3:2 ass dunn och an der 59' gefall, en Izeger Spiller konnt

fräi erasetzen. An der 62' huet dunn de Michele Corallo och nach Giel-Rout kruut a sou war Tricolore nach just zu 9. Izeg huet dovunner profitéiert an an

der 65' de 4:2 geschoss. Izeg huet weider d'Spill dominéiert, huet et awer verpasst nach weider Goaler ze schéissen. An der leschter Véirelstonn

war abeemol Tricolore ërem besser an huet Izeg ënner Drock gesat. Gudd Chancen sinn awer net verwert ginn, a sou soll et beim 4:2 bleiwen.

 

Tricolore huet de Mätch duerch Arroganz aus der Hand ginn.