Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 25.03.2012 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Football Club Ehlerange 2:2 (1:0)

1:0 26' Lombardini

2:0 74' Rizvani, 2:1 78', 2:2 80'

 

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : haart    

Zuschauer : 100

 

 

 

 

Géint Éilereng huet Tricolore 2 Punkte leie gelooss.

No Ufanksschwieregkeeten huet Tricolore de Mätch an de Grëff krut an huet no vir gespillt. An der 26' huet de Pietro Lombardini den 1:0 geschoss, nodeems de Mino Tria iwwer lénks duerchmarschéiert ass, hien huet an de Strofraum op de Pietro Lombardini gepasst, säi Schoss konnt den Éilerenger Keeper nach oflenken, mee de Ball huet sech ënner d'Lat an an de Goal gesenkt. An der 30' krut Éilereng e Penalty zougesprach, wéi de Raphael Reiter angeeblech en Éilerenger Spiller am Tricolore Strofraum ëmklammert huet ???. De Sven Haag am Tricolore Goal huet de Penalty paréiert, an och de Noschoss konnt hien glänzend ofwieren. Dueno hat Tricolore Chancen fir 2:0 a Féierung ze goen, mee d'Lokalequip huet de Ball net erakritt.

An den 2. 45' huet Éilereng d'Heft an d'Hand geholl an huet no vir gespillt. D'Tricolore Ofwier stoung awer secher. An der 56' ass dun den Toni Panza mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn, nodeems hien gemeckert huet. Éilereng huet weider dominéiert, mee et war awer Tricolore déi op Konter hinn déi bescht Chancen hat. Esou ass den Erdovan Sali alleng um Éilerenger Keeper henkebliwwen. An der 74' huet Tricolore dunn awer op 2:0 erhéischt, no engem wäiten Ofschlag vum Sven Haag krut den Denis Rizvani de Ball, hien ass alleng op de Goal gezunn, an huet dem Éilerenger Keeper keng Chance gelooss. An der 78' krut dunn Éilereng e fragwürdegen Fräistouss op der lénkser Säit zougesprach, den Éilerenger Spiller huet de Ball schéin an den Eck gezierkelt, 2:1. Nëmmen 2' drop den nächste Schock fir Tricolore. Den Sven Haag hat de Ball an der Hand, well awer en Éilerenger Spiller 1m virun him stoung huet hien sech Zäit gelooss mam Ofschlag, an ganz iwwerdriwwen huet den Arbitter dat peenaliséiert, andeems hien op Fräistouss fir Éilereng entscheed huet. De gläichen Éilerenger Spiller huet de Ball nees schäin an den Eck gezirkelt. Dueno wollte béid Equipen nach wannen, mee et ass beim 2:2 bliwwen, och well den Arbitter no 44'30´´ ofgepaff huet, obwohl en dauernd gesot huet, wéi Tricolore nach vir war, dass hien d'Zäit géif nohuelen.

Offensiv d'Chancen net genotzt, hannen bei den entscheedene Goaler domm ausgesinn, an en Arbitter deen net säi beschten Dag erwëscht huet, eng Kombinatioun déi dozou gefouert huet, dass Tricolore net de Mätch gewonnen huet.