Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Sporting Bertrange 6:1 (1:0)

1:0 24' Lombardini

1:1 58', 2:1 66' Rizvani, 3:1 80' Lombardini, 4:1 84' Lombardini, 5:1 87' Morabito, 6:1 90' (+1') Rizvani

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

 

 

Géint Bartréng huet Tricolore nach zum Schluss en däitlechen Erfolleg erausgespillt.

Am Ufank war Bartréng awer kloer besser, an Tricolore war zimlech vun der Roll, esou hat Bartréng gutt Goalchancen, an de Steve Krier am Tricolore Goal huet missen puer Mol paréiren. Tricolore krut kee Spillopbau zustannen, an d'Ofwier hat Problemer déi séier Spiller vu Bartréng an de Grëff ze kréien. Trotzdem huet d'Lokalequip an der 24' den 1:0 geschoss, eng schéi Pass vum Mario Mendes an de Laf vum Pietro Lombardini, an de Stiermer huet aus 16m agenetzt. Trotzdem hat Tricolore nom 1:0 weider Schwieregkeeten am Spillopbau, d'Ofwier koum awer besser an d'Spill an huet Bartréng besser a Schach gehal.

No der Paus war Tricolore besser an d'Spill komm. Bartréng huet awer weider no vir gespillt. An der 58' ass den Tricolore Kapitän Ferdy Ciufoli op der Mëttellinn zum Boude gaangen, an aus der Situatioun huet Bartréng profitéiert, d'Ofwier vun Tricolore war onorganiséiert an e Spiller huet dat ausgenotzt an den 1:1 geschoss. Tricolore war awer besser am Spill, an an der 68' huet den Denis Rizvani no enger Flank vum Filipe De Lemos den 2:1 geschoss. Bartréng hat dueno nach 2 gutt Chancen fir den Ausgläich ze schéissen, mee de Michele Corallo an de Steve Krier hunn dat duerch gutt Interventiounen verhënnert. Bartréng huet vill gepowert an hat an der Schlussphase manner Loft. Tricolore koum gutt op an huet zum Schluss gutt Kombinatiounen gewissen. Duerch esou Kombinatiounen a bedéngt dass Bartréng hanne Lescher gewissen huet, huet Tricolore nach 4 weider Goaler geschoss.

Am Laf vum Spill ass Tricolore opgewescht an krut 3 Punkten, opgrond vun enger däitlecher Leeschtungssteigerung an der 2.Halschent.