Spillbericht Senior 2 Frëndschaftsmätch 26.02.2007 19.30h : Junglinster - Tricolore 5:3 (2:0)
Wieder : bedeckt
Terrain : synthetesch
Zuschauer : 3
Zu Jonglënster si vill Goaler gefall. Technesch war Jonglënster e bësse besser a sou ass de 5:3 och OK. Tricolore hat Problemer am Defensivverhalen a sou sinn, zumols
an der 2.Halschent ëmmer ërem brenzlech Situatiounen virum Tricolore Goal entstan. Op der anerer Säit hat Tricolore och genug Geleegenheeten fir méi Goaler ze schéissen.
3 Mol huet Tricolore just de Poto getraf. Insgesammt war de Mätch interessant well béid Equipen genug Plaz haten a sou het et och kënne 7:7 oder ... ausgoen.