Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 07.11.2012 19.30h : FC Tricolore Gasperich - FC Schifflange 95 3:1 (0:1)

0:1 39'

1:1 55' De Almeida N., 2:1 80' De Almeida N., 3:1 85' Antonicelli

 

 

Wieder : bedeckt, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 50

 

 

 

Trotz engem Réckstand huet Tricolore géint Schëffléng de Mätch nach gedréit.

An der Ufanksphase war Schëffléng méi dominant, mee awer ouni Gefor auszestralen. Tricolore ass an der Mëtt vun der 1.Halschent besser an d'Spill komm, an hat eng Riesechance wéi den Nuno De Almeida fräi virum Goal opgetaucht ass, mee hien ass leider ausgerutscht. Dueno ass den Nuno De Almeida fräi op riets geschéckt ginn, mee fälschlërweis huet den Arbiter Abseits gepaff. Aus der Situatioun ass dunn och nach den 0:1 entstan, Schëffléng huet e weite Ball an den Tricolore Strofraum gespillt, d'Tricolore Ofwier huet dolaangscht gerannt, an e Spiller konnt fräi akeppen.

No der Paus huet Tricolore op den Ausgläich gedrenkt. An der 55' ass dunn den Nuno De Almeida op riets ugespillt ginn, an aus 16m huet hien de Ball zum 1:1 eragesat. Tricolore ass dueno fir eng kuerz Period ageschlof a Schëffléng war offensiv méi preesent, si haten an der Phase nach a Schoss op d'Lat. Awer nees Mëtt vun der 2.Halschent huet Tricolore sech gerësselt an hat eng Riesechance duerch de Carlo Antonicelli, mee säi Schoss aus 5m ass knapp laangscht de Goal gaangen. An der 80' ass Tricolore belount ginn fir d'offensiv Spill, no engem Pass vum Carlo Antonicelli konnt den Nuno De Almeida fräi virum Schëfflénger Goal  Tricolore a Féierung bréngen. Dueno hat Tricolore de Mätch am Grëff an huet duerch de Carlo Antonicelli nach op 3:1 erhéischt.

De Mätch huet Tricolore gewonn duerch eng super Moral.