FC Lorentzweiler - FC Tricolore Gasperich 4:1 (1:0)

1:0 30'

2:0 60', 2:1 70' Bernardy, 3:1 80', 4:1 88'

 

Eng empfindlech Niederlag hunn d'Tricolore Mannen missen kasséieren.

Vun der eischter Minut un, huet den Tricolore d'Spill gemaach, war pur mol virun de Goal vun Lurentzweiler komm, an huet sech puer Korneren erspillt. Eng konkret Goalchance gouf et awer net. Vun der 20' Minuten un ass d'Spill vum Tricolore dunn gerass. No 25' Minuten schon koum den Aus vum Daniel Welscher den eng Zerrung krutt. Lurentzweiler ass besser opkomm an huet dunn an der 30' no engem Freistouss zum 1:0 eragesaat. An der 35' ass dunn leider och nach den FCT Libero Claude Marangon erausgefall, well en sech den Knéi verdréit haat. Lurentzweiler war weider um Drécker an den Tricolore koum nemmen zu gelegentleche Konter. Den nächsten Ausfall koum dunn vun engem Lurentzweiler Spiller den no engem Zusammenstouss mam agewieselten Manuel Correia en Schlaag op d'Brost krout, an missen vun enger Ambulance oftransportéiert gin. Bis d' Bretsch do war, vir den Spiller ofzetransportéieren sin 5 Minuten vergaang.

Vun der 46' Minute un, huet den Tricolore dunn d'Heft erem an d'Hand gehol, an huet d'Spill kloer bestemmt. D'Auswärtsequip war oft geféierlech an den Stroofraum vun Lurentzweiler komm, déi beschten Chance haat den Gérard Acker den fréi virum Goalkeeper verzunn huet. Den nächsten Schock vir d'André Männer ass dunn an der 60' Minut komm, wéi den Arbiter no engem Foul virum FCT Stroofraum op den Elefmeterpunkt gewissen huet. Leider haat den Pit Theis keng Chance beim Elefmeter an sou stoung et 2:0. Durch d'Awieslung vum Steve Bernardy ass méi Schwong an den Tricolore Sturm komm, an hin huet och no enger Flank vun der riechser Sait mam Kapp zum 2:1 verkierzt. Kurz drop huet den Steve Bernardy nach eng kéier mam Kapp eragesaat, mé den Arbiter huet den Goal wéinst Abseits annuléiert. Den Tricolore huet wéider vill Drock gemaach, mé durch en Konter ass den 3:1 gefall. Den Guy Braun konnt den Lurentzweiler Stiermer op der lenkser Sait net stoppen, den huet erageflankt, an den Pascal Langers war géint zwee anner Spiller aléng geloos, en vun Lurentzweiler haat kéen Problem zum 3:1 eranzesetzen. Den Manuel Correia ass nach vum Feld verwiesen ginn, an den 4:1 ass zum Schluss gefall, eng Art Billardgoal, en Tricolore Spiller huet den anneren ugeschoss, an den Lurentzweiler Stiermer huet cool den 4:1 geschoss. Opréegung ass et dunn nach nomm Spill gin, wéi d' Méenung erläutert gouf, Lurentzweiler het 4X agewieselt. Mé die Méenung war woul falsch.

No dessem Mätch muss sech den FCT erem e bessen no ennen orientéieren.Obwohl den FCT d'Spill bestemmt huet ass erem virum Goal net vill erauskomm. Sou geet et schwéier géint die nächst Géigner. Leider krutt den FCT och nach 2 Blesséierter, an en Mann ass vum Terrain gestallt ginn.

Trotzdem Kapp net henken loosen an wéider Grass friessen.

Photoen vum Mätch

Tricolore Opstellung