FC Yellow-Boys Weiler - FC Tricolore Gasperich 0:2 (0:0)

 

0:1 71' Baum, 0:2 80' Acker

 

Bei warmen Wieder (+ 20°) huet den Tricolore verdéngt 3 Punkte zu Weiler kruut.

Héi déi Aktiounen déi ech notéiert hunn.

1.Halschent

13' De Marc Ferron flankt vu riets, d'Tricolore Spiller verpassen an der Met

28' E Weiler Spiller gét aleng op de Goal, de Pit Theis kennt eraus, e wiert of, Ball kennt op d'riets Sait, e Weiler Spiller schéisst, de Pit hält

29' Freistouss fir Weiler, Schoss get vun der FCT Mauer ofgewiert

34' De Romain Heinz kritt de Ball am Weiler Strofraum, kann en awer net kontrolléieren.Chance verpasst

36' E Weiler Spiller zit aus 10m of, uwen an de rietsen Eck, de Pit paréiert

45' No enger Kappballstafett, kennt de Gérard Acker zum Schoss, aus 10m gét sein Schoss knapp niewen de rietsen Poto

 

2.Halschent

49' Weiler Spiller schéisst am FCT Strofraum, mé sein Schoss war ze schwach, kéng Gefor

55' De Manuel Correia kann am Weiler Strofraum frei käppen, mé de Ball gét driwer

66' De Manuel Correia spillt vu riets geféierlech an d'Met, um 5 Meter-Raum verpasst en FCT Spiller knapp

67' Musterflank vum Marc Ferron vu riets, de Gérard Acker ass ganz fréi, mé sein Kappball gét iwer de Goal

71' De Marc Ferron mecht eng Pass op de Marc Baum, aus 16m iwerdribbelt en den Weiler Goalkeeper, a schiebt an den eidelen Goal zum 0:1 an

75' De Manuel Correia schéisst aus 16m Volley knapp niewen de rietse Poto

78' Super Pass vum Marc Baum op de Manuel Correia, deen kennt op der rietser Sait frei zum Schoss, mé schéisst knapp niewen de Goal

80' De Marc Baum pass vu riets op de Gérard Acker an den Weiler Strofraum, de Gérard kontrolléiert de Ball, a schiebt locker zum 0:2 an

83' Schoss vun engem Weiler Spiller aus 20m, de Pit kann de Ball aus dem rietsen Wenkel feschen

85' De Gérard Acker get vu lenks eran op den Ferdy Ciufoli, dem sein Schoss vun 10m ass net genau genug, gét lankscht

 

Chancen : 5:11

Opstellung

Photos