Sonndeg, den 26.03.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - A.S. Remich 0:1 (0:0) 

0:1 61'

Och géint Réimech ass et fir Tricolore näischt ze huele ginn. Den Terrain war am engem schlechten Zoustand, sou dass een keen gudde Fussball geboude krut.

Am Ufank war Tricolore aktiv a konnt an der 10' eng gutt Chance verzeechnen : no enger Flank vu riets huet de Carlo Antonicelli awer fräi am Réimecher Strofraum mam Kapp driwer gesat. 5' méi spéit Reaktion vu Réimech : vu lénks Flank eran an den Tricolore Strofraum, Spiller vu Réimech kënnt fräi zum Ball, setzt knapp langscht. An der 30' wollt dunn den Réimecher Goalie Erbarmen mat Tricolore hunn : hien huet de Ball am Strofraum dem Tomas Gonzales zougespillt, mee deen huet et ferdegbruecht aus 5m de Ball langscht ze setzen. Kuerz virun der Paus war et du Réimech déi bal a Féierung goungen : Tricolore Ofwier ass iwerlaaf ginn, de Goalie kënnt erausgelaf, spréngt awer langscht de Ball, de Réimecher Spiller schéiss fräi langscht de Goal. Nach e Schoss vu Réimech ass virun der Paus vum David Spinelli ofgewiert ginn.

Déi 2.Halschent war dunn nach méi Magerkost. Tricolore war erem zunächst beméit, mee konnt sëch kennt reel Goalchance erausspillen. E Fräistouss an der 61' huet dunn d'Entscheedung bruecht : Réimecher Spiller kanllt aus 20m op de Goal, den David Spinelli ass um falsche Fouss erwescht ginn, an et huet geschellt am Tricolore Goal : 0:1. Dueno huet sëch Réimech zréckgezunn an d'Tricolore ass ugerannt. Vill Korneren a Fräistéiss krut Tricolore, mee näischt zählbares as dobäi erauskomm. De schlechten Terrain huet dunn natierlech och Tricolore gehennert.

Erem e Mätch wou Tricolore mat dem Géigner mathellt, mee vill ze harmlos ass. No fir huet net vill geklappt.

 

Tricolore - Remich Opstellung