Freideg, den 23.09.2005 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - FC Lorentzweiler 0:0 

E gerecht Gleichspill guef et zweschen Tricolore a Luerentzweiler. An der éischter Halschent war Tricolore besser, an an der 2.Halschent war Luerentzweiler besser. De Mätch war geprägt duerch Feeler op béid Säiten, bedengt duerch de knuppelen Terrain, vill Fouls a Kampf und Krampf. Am Ufank huet Tricolore dominéiert an hat 2 Riesechanchen : An der 30' huet de Laurent Acquistapace vu lénks an de Strofraum gepasst, de Carlo Antonicelli war fräi, mee hien huet säi Schoss langscht gesat. Just 1' drop war et erem de Laurent Acquistapace, dee vu lénks era geflankt huet, de Ferdy Ciufoli konnt um 16m fräi de Ball ophuelen, mee säi Schoss guef vum Luerentzweiler Keeper paréiert. Kuerz virun der Paus as awer Luerentzweiler nach eng Kéier gefäierlëch ginn, an der 35' as engem Luerentzweiler Spiller säi Schoss vum Tricolore Goalie paréiert ginn.An der 41' gouef nach a Luerentzweiler Spiller an d'Lach geschéckt, mee den Tricolore Goalie hat opgepasst. 2. Halschent war bal Langweil pur. De spillereschen Niveau as ëmmer méi erof gang. Duerch e Missverständnis an der Tricolore Ofwier an der 67', as e Luerentzweiler Spiller op de Goal gezun a säi Schoss as op de Poto gang. Tricolore war nach kaum an der Attack. De Mino Tria war nach eng Kéier op der rietser Säit duerchgestart, mee säi Pass-Schoss as vun engem Luerentzweiler Spiller geklärt ginn. An der 90' huet dunn nach e Luerentzweiler Spiller den Tricolore Goalie gepréift. Dat war ët dunn.

Tricolore - Lorentzweiler Opstellung