Sonndeg, den 23.04.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Rodange 91 - FC Tricolore Gasperich 3:3 (1:3) 

Wenn Action ger huet, deen ass zu Rodange op seng Keschte komm

Beim Opwiermen krut den David Spinelli (Ersatzgoalie) e Schwächeunfall an ass mat der Ambulanz an d'Klinik gefouert ginn. 2 Elefmeter fir Rodange, (1 huet de Steve Krier paréiert), 3 vum Tricolore geflunn : 2 Spiller an den Trainer, Den 3:3 gefall well Rodange de Ball Tricolore net zréckginn huet.

An der Ufangsphase war Rodange liicht besser, an de Steve Krier am Tricolore Goal huet missten um Posten sinn. Dueno huet Tricolore Offensivaktioune gestart, an an der 27' huet de Carlo Antonicelli den 1:0 geschoss. Kuerz virun der Paus huet  et dann nach 3 mol geschellt : den 1:1 duerch e Penalty vu Rodange, nodeem de Michele Corallo e Rodanger Spiller gefoult huet, an dunn huet den Antonio Virgulino no engem Doppelpack eng 3:1 Féierung fir Tricolore an d'Paus matbrouecht.

An der 2.Halschent war et zunächst erem den Antonio Virgulino deen d'Entscheedung um Fouss hat, mee hien ass 2 Mol um Rodanger Goalie gescheitert. Dueno huet Rodange Drock gemaach, mee Tricolore war och no fir geféierlëch. Rodange huet zum 2:3 verkiertzt, an de Steve Krier huet e Penalty gehal. An der 88' huet Tricolore de Ball ausgeschoss well en Tricolore Spiller um Boudem louch. Rodange huet de Ball awer Tricolore net zréckginn, an huet eng Offensivaktioun gestart a sou den 3:3 geschoss.

Spilleresch war Tricolore Ok op engem gudden Terrain. De Referee hat och Spass, hien huet Kaarte verdeelt, Elefmeter gepaff, den Tricolore Trainer an der 80' vun der Benk verbannt, 2 Spiller vum Tricolore erofgesat. Rodange huet kee Fair Play verdéngt, nodeem si Tricolore de Ball net zréckginn hunn. Leider nemmen 3:3, mee dofir huet Tricolore Rodange an der 3.Halschent locker ofgezunn. 

 

Rodange - Tricolore Opstellung