Sonndeg, den 19.03.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Lorentzweiler - FC Tricolore Gasperich 2:1 (1:1) 

Zu Luerentzweiler huet Tricolore wichteg Punkte verspillt.

Dobäi huet ët am Ufang ganz gutt fir Tricolore ausgesinn. Tricolore huet d'Spill kontrolléiert an ass trotzdem an der 6' a Verleegenheet bruecht ginn, wéi e Luerentzweiler Spiller aus ausichtsräicher Positioun langscht den erausstiermenden Tricolore Goalie Steve Krier langscht gesaat huet. An der 9' ass Tricolore dann fir séng offensiv Beméiungen belount ginn, wéi de Christopher Colito sëch am Luerentzweiler Stroofraum duerchgesat huet, säi Lop ass vum Luerentzweiler Goalie op de Colito ofgeprallt an de Ball huet sëch zum 0:1 an de Wénkel gesenkt. Duerno huet Tricolore nach weider no fir gespillt ouni awer méi richteg geféierlech ze ginn, am Géigendeel war et Luerentzweiler déi duerch direktem Spill op sëch opmierksam gemaach huet. An der 39' dunn ass e Luerentzweiler Spiller op lénks langscht de Michele Corallo gaang, as Richtung Goal gezunn, huet de Arnaud Andoque stoe gelooss, an deen huet en zu Fall bruecht : Penalty, deen zum 1:1 verwandelt guef.

Nom Säitewiesel war et zunächst roueg. An der 63' konnt dunn Tricolore eng geféierlëch Attack starten : De Carlo Antonicelli spillt op den Tomas Gonzales, dee flankt vu riets eran op den 2.Poto, wou de Paulo Lourenco ganz fräi stoung, mee säi Kappball war ze schwach an hien huet riicht op de Goalie gezielt. 3 Minute méi spéit as Luerentzweiler a Féirung gaang : Flank vu lénks an de Strofraum, an e Luerentzweiler Spiller kann um 2.Poto fräi zum 2:1 erakeppen. Nëmmen 3' méi spéit bal d'Entscheedung : eng Flank vu riets an den Tricolore Strofraum, e Luerentzweiler Spiller kënnt erëm um 2.Poto fräi zum Kappball, mee et gët vun engem Tricolore Spiller nach ofgeblockt. Tricolore ass dueno méi duerch Meckeren ofgefal wéi duerch spillerech Elementer a Luerentzweiler huet sëch lecherlech gemaach duerch andauernd Spiller déi sëch um Bouden geweltzt hunn fir Zäit ze schinden : Arme Lëtzebuerger Fussball. Duerch e Konter an der 89' ass dunn e Lourentzweiler Spiller fräi an d'Laach geschéckt ginn, a wollt de Steve Krier am Tricolore Goal iwwerloben, mee de Goalie huet de Ball mat der Hand ausser dem Strofraum beréiert an d'Rout Kaart gewiese krut. An der Nospillzäit ass dunn nach de Michele Corallo vum Terrain gesat ginn. 

Wat esou gutt am Ufank ausgesinn huet war zum Schluss esou schlecht. Mat e sou enger Leeschtung krit et Tricolore schwéier an der 1.Divisioun.

 

Lorentzweiler - Tricolore Opstellung