Sonndeg, den 18.09.2005 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - FC The Belval Belvaux 3:3 (2:2)

1:0 23' Acquistapace, 1:1 26', 2:1 29' Acquistapace, 2:2 45'

3:2 69' Virgulino, 3:3 73'

Duerch Onkontrenzéierheeten huet Tricolore wichteg Punkte verschenkt. An der éischter Halschent war Tricolore dominant mee huet e nët ferdëg bruecht de Sack zouzemaachen. Bieles as nëmmen ganz selten virum Tricolore Goal opgetaucht, mee huet awer 2 Goaler geschoss.No der Paus war Tricolore 20 Minuten ganz roueg, a Bieles as e bësse besser opkomm. Duerch e schéine Goal vum Virgulino deen duerch eng Flank de Ball um 2.Poto Volley an d'Maschen gesat huet, as Tricolore awer erëm a Féierung gaang. An erëm nëmme 4 Minuten drop huet Bieles ausgeglach wou no engem Korner e Spiller um 5m fräi erakeppe konnt. Tricolore huet nach eng Kéier probéiert de 4. Goal ze schéissen, mee et as nët méi vill erauskomm.  

Tricolore - Belvaux Opstellung