Sonndeg, den 12.03.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC The Belval Belvaux - FC Tricolore Gasperich 1:2 (0:0) 

3 wichteg Punkten géint den Ofstieg konnt Tricolore zu Bieles afueren.

An der éischter Halschent war de Mätch vun Hektik an ville Fouls geprägt. De Mätch ass öfters ënnerbrach ginn. Déi éischt gutt Chance hat Bieles duerch e Fräistouss, mee de Steve Krier am Tricolore Goal huet de Ball gutt erausgehol. D'Chance ware rar, mee déi bescht an der éischter Halschent hat Tricolore duerch eng gutt Kombinatioun an der 26' : De Christopher Colito huet op der lénkser Säit op de Mino Tria gepasst, deen huet duerchgelooss, an den Antonio Virgulino huet am 16er riicht op de Bieleser Goalie gezielt. Kuerz virun der Paus ass Tricolore erem ageschlof, an huet esou missen nach geféierlech Bieleser Attacken iwwerstoen.

No der Paus huet Bieles d'Initiative agraf an huet attackéiert, ouni awer grouss Gefor virum Tricolore Goal ze produzéiren. Tricolore war kaum méi an der Offensiv ze gesinn. Schock dunn an der 63' : Tricolore huet de Ball beim Opbau vertendelt, Bieleser Spiller kënnt zum Schoss, de Steve Krier kann nach ofwieren, mee de Ball fellt engem Bieleser Spiller op de Fouss de just brauch eranzeschieben zum 1:0. Nom 1:0 huet dunn Tricolore d'Initiative egraf an ass an der 69' belount ginn : Den Antonio Curioso huet aus 20m ofgezunn, de Bieleser Goalie konnt just ofklatschen an de Paulo Lourenco war op der richteger Plaz, fir zum 1:1 ofzestauben. Dueno huet Tricolore erem eng Auszäit gehol an huet Bieles duerch Dommheeten bal den 2:1 geschenkt. Mee Tricolore huet sech erem and der Schlussphase opgerapt. An der 87' krut e Bieleser Spiller Giel-Rout well e beim Aworf d'Spill verzögert huet. An an der 88' huet de Paulo Lourenco de Ball kontrolléiert, an de Christopher Colito an de Laf gespillt, deen vu lénks voll ofzit, an de Ball schléit am lénksen Eck zum 1:2 an. D'Freed am Tricolore Lager war natierlëch riesegrouss. An der Schlussphase hat Tricolore dann nach 2 Riesechancen, mee den Antonio Virgulino wollt de Ball an de Goal droen.

Et kann e soen dass Bieles e bësse méi vum Spill hat, mee Tricolore gutt dogéint gehal huet, an dësse Mätch het kënnen an al Richtung goen, a mol eng Kéier huet Tricolore d'Gléck op sénger Säit gehat.

 

Belvaux - Tricolore Opstellung