Sonndeg, den 09.10.2005 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - U.S. Sandweiler 1:0 (0:0) 

Verdéngt huet Tricolore géint Sandweiler gewonn. Déi éischt 30' huet Sandweiler d'Spill kontrolléiert, mee d'Chancen ware rar. An der 34' war et den Antonio Virgulino, dee vu lénks vum 16m ofgezun huet, mee de Sandweiler Goalie huet paréiert. An der 36' erëm Tricolore: De Laurent Acquistapace krit de Ball am Strofraum, mee säi Schoss geet lénks langscht. 45' 99,9 % Chance fir Tricolore : Schoss vum Antonio Curioso, Sandweiler Keeper paréiert, an de Carlo Antonicelli setzt de Ball aus 3m op de lénkse Poto.

2 Minuten no der Paus de verdéngten 1:0, Pass vu riets op den Antonio Curioso, deen flankt an den Strofraum eran, de Laurent Acquistapace krit de Ball, vertrëppelt sëch, mee behelt de Ball a setzt zum 1:0 eran. An der 77' Korner Tricolore : Pascal Langers keppt just langscht de Goal. 79' Sandweiler nach eng Kéier geféierlech : Sandweiler Spiller schéist am Tricolore Strofraum, Tricolore Goalie paréiert. An der 87' nach eng Riesechance fir Tricolore : Ofwierspiller Michele Corallo geet alleng op de Goal, mee gët ofgeblockt.

Tricolore - Sandweiler Opstellung