Mëttwoch, den 07.12.2005 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - Union Sportive Hostert 1:5 (0:3) 

Géint den Tabelleleader ass ët fir Tricolore näischt ze huele ginn. Domm Ofwierfeeler hunn zu de Goaler gefouert.

Déi éischt Veierlstonn waren d'Equipen gläichwerteg, mee an der 16' huet ët am Tricolore Goal gerabbelt : Korner vu riets, eran op den 1.Poto, Houschteter Spiller leet zréck, Gewuels am Strofraum an en aneren Spiller kann zum 0:1 erasetzen. D'Chancen ware rar, mee an der 28' huet et zum 2.Mol gebimmelt : vu riets gët en Houschteter Spiller vun 3 Tricolore Spiller ugegraf, Pass op de 16m, Spiller ass ganz fräi a schéisst voll an de Wénkel. Den 0:3 just 4' drop : Tricolore vertendelt de Ball um 20m, Houschteter Spiller schéisst, de Ball rutscht ënnert de Goalie an de lénksen Eck. Bis zur Paus war ët du mol genug.

Nëmmen 2' no der Paus de nächste Schock : De Pascal Langers verléiert d'Lafduell géint sëch Géigespiller, dee schéisst vum 16er, de Goalie ka just ofklatschen, an en anere Spiller schiebt de Ball eran. Den 0:5 schon an der 49' : De Ball kënnt an d'Tricolore Geforenzon, de Ferdy Ciufoli gréift nët konsequent un, Houschteter Spiller zit of, an de Ball ass dobannen. Elo huet ët no engem Debakel ausgesinn, well d'Tricolore Mannen sinn kuerz dueno vun dem Leader virgefouert ginn. Aus dem Nichts eraus huet de Laurent Acquistapace mol eng Granat lassgelos an aus 30m zum 1:5 verkierzt. Tricolore ass dunn erëm waackrëg ginn an huet matgehal ouni awer richtëg geféierlësch Aktiounen ze starten. Houschtert hat nach eng oder déi aner geféierlësch Aktioun, mee et ass beim 1:5 bliwen.

Spillerësch mussen soen dass Houschtert einfach besser war, wat jo och nët aneschters ze erwaarde war.. Mee d'Goaler sinn deelweis duerch "Pennaktiounen" vun Tricolore Spiller entstan. Kämpferësch konnt Tricolore teilweis dogéinthalen.

Tricolore - Hostert Opstellung