Sonndeg, den 04.09.2005 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - C.S. Fola Esch/Alzette 1:4 (0:3)

0:1 13', 0:2 20', 0:3 40'

1:3 63' Acquistapace, 1:4 70'

Verdéngt huet Tricolore géint Fola mat 1:4 verluer. Déi éischt 25 Minuten war Tricolore am Dauerschlof, an as kaum iwert d'Mëttellin komm. Logësch Konsequenz, d'Fola huet 2 Goaler geschoss. Dueno hat Tricolore eng gutt Phase, ongeféier 10 Min., an de Laurent Acquistapace hat 2 Goalchancen, dovuner eng ganz gutt, wéi hien aleng op de Goal gestart as an de Goalkeeper iwerlopt huet, mee säi Lop as langscht gaang. Ab der 35' huet d'Fola awer de Mätch erëm kontrolléiert an huet der schwacher Tricolore Defense en 3.Goal ageschenkt. An der 2.Halschent war d'Spill méi ausgeglach, an d'Equipen hun sëch neutraliséiert. Tricolore war beméit no vir ze spillen an huet duerch de Laurent Acquistapace op 1:3 verkirzt. E Fola Spiller huet no deem Goal sou laang gemeckert bis en vum Referee eng Giel-Rout Kaart krut. Obwohl Tricolore e Mann méi hat, konnten d'Spiller keng entscheedent Akzenter méi setzen, an Fola huet nach op 4:1 erhéischt.

Tricolore - Fola Opstellung