Sonndeg, den 05.06.2005 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - FC Red Black Pfaffenthal 5:1 (3:1)

0:1 15', 1:1 25' Baur, 2:1 33' Virgulino, 3:1 41' Acquistapace

4:1 65' Vaz Teixeira, 5:1 72' Acquistapace

Duerch e suveränen 5:1 huet Tricolore d'Saison 2004-2005 ofgeschloss an as als Champion an d'1.Divisioun opgestiegen. No 15' Minuten wou d'Equip gepennt huet, huet se eng gutt Reaktioun bewissen an nach e klore Sieg agefuer. Leider huet sëch den Tun Silva sëch d'Schinbeen gebrach : Gutt Besserung. Ennert dem Trainerduo Claude Heinz/Steve Bernardy as den Tricolore erëm an der 1.Divisioun präsent. Et as gutt ze gesinn dass nach vill Spiller aus der Tricolorejugend och dozou beigedroen hunn dass Tricolore opgestiegen as. Mat modeste Mëttelen geet et heiansdo och Erfollëg ze hunn. Et muss een nët ëmmer sougenannte "Starspiller" verpflichten, déi nëmmen kommen wann se d'Souen richen. D'Politik vum Tricolore as scho gutt andeems d'Spiller all op e Level gestallt ginn. Dat verheenert Neid a bréngt méi Kommorodschaft. Natierlëch as et méi einfach de Grupp ze motivéiren wann Erfollëg do as, mee och wann Tricolore déi nächste Joeren soll Schwieregkeeten kréien as et awer gutt wann "Starspiller" ewegbleiwen. De Comité mëscht eng gutt Aarbëscht. Deen Erfollëg soll aaner Equipen uspornen dass een nët ëmmer muss mat Macht den Erfollëg erzweengen andeems een d'Souen aus der Fënster geheit fir "Starspiller" ze verpflichten. Et as dach nach ëmmer besser e Mätch vu séngem Veräin kucken ze goen wou vill Urgesteiner nach do spillen, wéi eng Söldnerequip ze kucken wou keen sëch mat der Equip identifizéire kann. (Dud...). Sollen dach aaner Veräiner duerch hier "Starspiller" am Erfollëg erstécken. Allez Tricolore.

DEN TRAINER SEET DEM GANZE KADER E GROUSSE MERCI FIR DEI GANZ SAISON.

Tricolore - Red Black Opstellung