News vum 28.04.2004

De Jean-Marc Klein huet e Méindeg, no der Nidderlag zu Reisdorf am Championnat, säin Amt als Cheftrainer vum Tricolore Gasperich niddergeluegt. Hien huet dem Comité matgedeelt dass hie keng sportlech Perspektive mäi gesäit. Trotz groussen Ustrengungen vu sénger Säit, konnt d'Equip um sportleche Plang nët dat emsetzen wat hie sëch viergehol huet.

Am Numm vum Tricolore Gasperich wënschen ëch dem Jean-Marc Vill Gléck fir Zukunft.

Als Interimstrainer iwwerhëllt den Tun Scholtes d'1.Equip.