Championnatsmätch 28.03.2004 15.00h Senior 1

 

FC Blo-Weiss Itzig - FC Tricolore Gasperich 2:2 (0:2)

 

0:1 42' Hopp, 0:2 44' Antonicelli

1:2 62', 2:2 87'

 

 

Bei engem Opstiegsaspirant huet Tricolore e Punkt matgehol. An der éischter Halschent war Tricolore besser , an huet Itzeg kaum an d´Spill komme gelooss. An der 2. Halschent ass Tricolore kaum nach no vier komm a sou kann e soen dass d'Gläichspill gerecht ass. Beim 2:2 ass ménger Meenung no jiddefalls a Foul un dem Tricolore Goalie am 5m passéiert, also en onglécklechen Ausgläich. 1. Halschent Ok, mee 2. Halschent ass net genug no vier passéiert.

  

 

Hei déi wichteg Momenter vum Mätch (Reporter : Vinnie)

 

1.Halschent

10' Nach kéng Chance, Itzeg liicht feldiwwerleen

15' Schoss vum Dan Baur aus 20m, iwwer de Goal

17' Pass vum Steve Bernardy op de Ferdy Ciufoli, an de Laf, dee flankt vu lénks, Chaos am Itzeger Strofraum, de Ball get ofgewiert

18' Schoss vum Fabio De Marco aus 25m, op den Itzeger Goalie

25' Tricolore ass momentan um Drücker, vun Itzeg net vill ze gesinn

26' A scho wäret bal passéiert : Pass an d'Déift, de Fabio De Marco kennt ze spéit, de Men Ferron muss agräifen an huet e Kontakt mat engem Itzeger Spiller am Tricolore Strofraum. Zum Gléck kee Penalty

29' Onstemmegkeeten am Tricolore Strofraum zweschem dem Michele Corallo an dem Rui Moreira, Stiermer vun Itzeg profitéiert net dovunn

32' De Mike Hopp kann sech am Strofraum duerchsetzen, Schoss aus 10m, op den Itzeger Goalie

34' Fräistouss Tricolore aus 20m, iwwer de Goal

38' Schoss vun Itzeg aus 25m, de Rui lenkt zum Korner of

42' Flank vu riets vum Jorge Campos an den Itzeger Strofraum, de Carlo Antonicelli léisst gescheckt duerch, de Mike Hopp ass do a kann locker zum 0:1 erasetzen

44' De Carlo Antonicelli kritt de Ball um 16er, mescht en Itzeger Ofwierspiller naass a setzt volley zum 0:2 eran

45' E Spiller vun Itzeg geet duerch, mee säi Schoss aus 20m iwwer de Goal

Paus : Tricolore verdéngt vier, huet Itzeg gutt am Greff

 

2.Halschent

50' Schéin 1-2 Carlo Antonicelli-Dan Baur, Dréischoss vum Dan Baur vum 16er, Itzeger Goalie hellt

52' Itzeger Spiller kritt de Ball um 16er, de Men Ferron kennt ze spéit, de Rui Moreira well de Ball fenken, Kontakt mat dem Itzeger Spiller, Itzeger Spiller schiebt de Ball eran, mee den Arbiter péift Fräistouss fir Tricolore. Itzeg protestéiert hefteg.

61' Pass an d'Mett, de Men Ferron rennt langscht de Ball, Itzeger Spiller schéisst, säi Schoss get zum Korner ofgewiert

62' Flank vu lénks, am Tricolore Strofraum verpassen d'Ofwierspiller, Itzeger Spiller keppt de Ball zum 1:2 eran

67' Erem eng Flank vu lénks, Tricolore Spiller verpassen, geféierlech, Tricolore geréit enner Drock

70' Leonardo Romanazzi fir Dan Baur

73' Itzeger Flank vu riets, de Men Ferron verpasst an der Mett, Itzeg kann net verwerten

74' Daniele Barbaro fir Fabio De Marco

76' Jacques Foetz fir Steve Bernardy

80' Itzeger Korner vu riets, 2 Spiller danzen de Ferdy aus, Pass an d'Mett, Schoss aus 10m vun engem Itzeger Spiller, Glanzparade vum Ru Moreira

86' Giel Kaart Jorge Campos

87' Fräistouss Itzeg vu lénks, Chaos am Tricolore Strofraum, de Ball kennt net fort, geet Richtung Goal, de Rui Moreira well de Ball fenken a get bedrengt, de Ball fellt an de Goal : 2:2 (am 5m misst dat awer ofgepaf ginn!). De Rui Moreira muss behandelt ginn.

88' De Mike Hopp protestéiert esou laang bis en d'Giel Kaart kritt

90' (+3') Schluss

 

Itzig - Tricolore Opstellung

Itzig - Tricolore Fotoen